Aus séiss gëtt batter, sou klappt an Zukunft all Regime

Schmaacht et net méi séiss, huet een opch keng Loscht méi drop... / © AFP
US-Fuerscher ass et gelongen d'Gehir vu Mais esou ze manipuléieren, dass si e Goût anescht schmaachen. Aus séiss gëtt batter an ëmgedréint.
Wa Schokla net sou séiss wier a batteren, kalorienaarme Spinat en Héichgenoss wier, da wier fir vill Leit e Regime wuel kee Problem méi. Deene Leit kéint eng nei Etüd vun engem Grupp US-Fuerscher Hoffnung maachen. Hinnen ass et gelongen, d'Gehir esou ëmzepolen, dass een e Goût anescht an Uecht hëlt - allerdéngs just bei Mais.
D'Neurowëssenschaftler gesinn an hirer Aarbecht en Usaz fir d'Bekämpfung vun Obesitéit, heescht et e Mëttwoch an der Fachzäitschrëft "Science". An enger Erklärung vum Zuckermann-Institut vun der Columbia-Universitéit geet ervir, d'Etüd hätt sech mat neie Strategien befaasst fir Iessstéierunge wéi Magersucht oder Obesitéit besser ze verstoen an ze behandelen.
D'Etüd huet sech op e System vun Organer konzentréiert, dem sougenannten Amygdala. Dëse System spillt eng wichteg Roll bei Emotioune wéi Angscht a Loscht, ma och Motivatioun, Iwwerliewensinstinkt a Stressbewältegung. A fréieren Etüd konnt nogewise ginn, dass eng indirekt Verbindung tëscht der Amygdala an dem Geschmackskortex am Gehir besteet.
Bei Experimenter u Mais hätte si nogewisen, dass d'Amygdala iwwer separat Regiounen am Gehir verfügt an dofir zoustänneg ass, wéi mir e séissen oder battere Goût an Uecht huelen. Bei enger Stimuléierung mat Laserstrahlen an der Séiss-Regioun hunn d'Mais op normaalt Waasser reagéiert, wéi wann et eppes Séisses gewiescht wier.
An engem weideren Experiment hunn d'Fuerscher d'Amygdala-Verbindunge komplett ausgeschalt. D'Mais hunn duerno ouni besonnesch Virléift entweder eppes Séisses oder Batteres giess. Dat wier esou, wéi wann een e Stéck vum sengem Liiblingskuch ësst, ouni dobäi Genoss z'empfannen. No e puer Mol dra bäissen, huet een einfach keng Loscht méi nach Kuch z'iessen.
En Noweis, dass déi nei Method och beim Mënsch fonctionnéiert, steet awer nach an de Stären.