En Donneschdeg soll an der Chamber decidéiert ginn, ob medizinesche Cannabis legaliséiert gëtt oder net.

Et muss ee wëssen, dass am Cannabis haaptsächlech 2 Wierkstoffer sinn: THC an CBD. Den THC (Tetrahydrocanabinol) ass psycho-aktiv an dowéinst eventuell geféierlech. Den CBD (Canabidiol ) ass awer nom Gesetz hir erlaabt, a genee vun dësem profitéiert den Ament een op den sozialen Netzwierker, fir hei CBD-Cannabis ze verkafen. Soll legal sinn, ass awer en Thema, wat nach laang vu sech schwätzen deet. Si ass den Ament ganz vill am Gespréich, riets geet vun der Cannabis-Legaliséierung. Eng Petitioun, wat Coffeeshoppen zu Lëtzebuerg ugeet, war kierzlech a manner wéi enger Woch iwwer 7.000 Mol ënnerschriwwe ginn an ass de Beweis, dass de Lëtzebuerger net onbedéngt negativ zu deem Thema agestallt ass.

Op de sozialen Netzwierker kann een elo hei am Land CBD-Cannabis bestellen an et kritt een et esouguer bis virun d'Dier geliwwert. Den Hanf-Ueleg fënnt een a ville Kichen, wéi den Eric seng Hanf-Bléien als Téi wollt verkafen, krut en dëst net erlaabt.

RTL

Mä wat ass elo erlaabt a wat net? Wat fir Wierkstoffer fënnt een am Cannabis? Wat ass dovunner illegal a wat net?

Mir ware beim Eric doheem, wou hien am Gaange war seng Commanden fir den nächsten Dag ze preparéieren. Seng Cliente bestellen CBD-Cannabis online. Dee Cannabis, deen den Eric verkeeft, ass gesetzlech erlaabt, wëll hei keen THC-Tetrahydrocannabinol dran ass, dee psycho-aktiven Stoff, deen hei zu Lëtzebuerg verbueden ass. Beim Eric sengen Hanf-Bléien ass nëmmen CBD-Cannabidiol dran, e Wierkstoff, deen een och an de Medezin fënnt.

De Problem, dee beim Eric ufanks opgetaucht ass, wor dass hie seng Bléien als Cannabis-Bléien-Téi verkaf huet, also als Liewensmëttel. Dëst ass dem Alimentatiounsgesetz vum Ministère no net erlaabt, donieft ass et nach net ganz kloer, ob den CBD an d'Kategorie vun nei-aartegen Iesswueren - “Novelfood” genannt - gehéiert oder net. Fir dëser Diskussioun an dësem Problem aus dem Wee ze goen, verkeeft den Eric kee Cannabis-Bléien-Téi méi, mä einfach nëmme Cannabis-Bléien, mat der Notiz: nicht zum Konsum jeglicher Art geeignet.

RTL

Fir den Ament ass den Eric mat sengem Business-Plang a mat sengem CBD-Cannabis an der Legalitéit, wat heesche wëll, dass CBD jo dann ongeféierlech ass. Oder ginn et awer nach Risiken, wann een de Canabidiol trotz der Warnung op den Etiketten konsuméieren géing?

Bis ewell geet den "Alles-Paletti-Oder-Wat-Plang" op, d’Feedbacke vum Eric senge Cliente si positiv. Och hien hat ufanks net mat esou vill Succès gerechent. Wann ee bedenkt, dass an Europa 17,2 Millioune Leit tëscht 15 a 35 Joer  Cannabis konsuméieren, ass d’Fro no der Geféierlechkeet net z'ignoréieren.

RTL

All CBD-Produite gi regelméisseg vun den Autoritéite kontrolléiert, esou ginn am Labo d’Inhaltsstoffer gepréift. Et dierf e Maximum vun 0,3 % THC dra sinn, soss ass de Verkeefer an der Illegalitéit.

Cannabis a seng méiglech Uwennungen, en Thema wat op alle Fall am Gespréich bleift, bis et dann iergendwann op déi eng oder aner Aart a Weis geregelt ass.