Sperma soll an Zukunft Gebärmutterhalskriibs heelen

© AFP Archivbild
E Grupp Fuerscher vun Dresden wëll an Zukunft mat Hëllef vu Sperma Gebärmutterhalskriibs heelen.
Am Labo ass de Fuerscher scho gelongen, Kriibs-Medikamenter mat Hëllef vu Spermazellen direkt an déi betraffe Kierperregioun ze transportéieren. D'Etüd gouf an der Wëssenschaftszäitschrëft "ACS Nano" publizéiert.
De Virdeel vun dëser neier Behandlungsmethod wier, dass d'Spermien de Wee bis bei de Gebärmutterhals kennen, genee do, wou de Wierkstoff soll hikommen. En anere positiven Nieweneffekt: Aner gesond Partië ginn net beschiedegt. D'Resultat schwätzt fir sech: 87 Prozent vun de Kriibszelle konnten d'Spermie bannent just 3 Deeg zerstéieren.
Eng gutt Nouvelle, wann ee bedenkt, dass eleng an Däitschland all Joer ronn 1.600 Fraen u Gebärmutterhalskriibs stierwen. Hei am Land gëtt pro Joer bei 20 Frae Gebärmutterhalskriibs festgestallt, bei 6 bis 8 Frae mat déidleche Suitten.
Bis ewell kréie Patiente Kriibstraitementer mat enger normaler Infusioun, dat heescht déi klassesch Chemotherapie. Ma déi staark Medikamenter schiedegen och gesond Zellen an et trieden extrem Niewewierkungen op. Dat soll dës nei Method verhënneren.
Nach gouf se net u Mënsche getest, mä et gouf Sperma vun engem Rand benotzt. D'Fuerscher hunn dofir d'Spermie mam Medikament Doxotubicin versat, dat an der Chemotherapie géint Broscht- a Longekriibs an den Asaz kënnt. Donieft kréien d'Spermazellen e klenge Metallrouer, fir dass si op hirer Rees bei d'Kriibszellen, gesteiert vu Magnéiter, ganz geziilt d'Medikamenter kënne placéieren.
Sollt sech dës Method och beim Mënsch duerchsetzen, hoffen déi däitsch Fuerscher eng Majoritéit vu weiblechen Ënnerleif-Krankheeten domat ze traitéieren.