Nei Zeckenaart an Däitschland opgedaucht

Déi sougenannten Hyalomma-Zeck ka bis zu 5 mol méi grouss ginn wéi eng normal Bëschzeck an huet elo de Wee aus den Tropen an Europa fonnt.
Eng Ekipp vun der Universitéit Hohenheim a vum Institut fir Mikrobiologie bei der däitscher Arméi hunn bis ewell 7 där grouss tropesch Zecken konnten afänken.
Et gëtt ugeholl, dass dës Zecken sech elo och an Europa ausbreeden, dat wéinst den héijen Temperaturen, déi an der lescht gemooss goufen. Fonnt goufen dës nei Zecken an der Géigend vun Hannover, Osnabrück a bei Darmstadt.
Wéi gesot erkennt een se virun allem un hirer Gréisst (ronn 5 Mol méi grouss) an un de gesträifte Been. Et geet een dovunner aus, dass Villercher dës Zecken mat an Däitschland erageschleist hunn.
Niewent d'Zeckeféiwer iwwerdroen dës Déieren ënnert anerem och d'Krim-Kongo Féiwer, dat a ville Fäll liewensgeféierlech ass.