4,6 Milliounen EU-Bierger aus alle Memberstaaten hunn op eng Ëmfro vun der Kommissioun zu deem Sujet geäntwert.

Bis elo ass et esou: Den Oktober freet ee sech, datt een eng Stonn méi laang schlofe kann. De Mäerz iergert ee sech, well een eng Stonn verléiert. Dann héiert een dacks, datt deen een oder deen anere schlecht schléift. Ma dorunner wier net déi eng Stonn ze mann Schold, sou den Neurolog Alexander Pincherle. Et wier ze vergläichen wéi mat engem Jetlag.

AUDIO: Den Alexander Pincherle

Déi Leit, déi Schlofproblemer hunn an doduerch effektiv méi Problemer hu sech unzepassen, déi kéinten déi eng Stonn op e puer Deeg verdeelen. An ëmmer bëssen éischter schlofe goen. Wat de Summer awer generell Problemer mécht, dat sinn d'Sonnestonnen. Also wéi laang et dobaussen hell ass, well d'Dagesliicht stéiert de Schlof. D'Consultatioun iwwer d'Summerzäit ass jiddefalls en Donneschdeg op en Enn gaangen.

Elo gëtt d'Resultat ausgewäert a wie weess, villäicht brauche mir an Zukunft net méi un der Auer ze dréinen.