D'Etüd vun der WHO nennt déi kierperlech Aktivitéit, déi feelt, als gréisste Risikofacteur fir zum Beispill Häerzkreeslafkrankheeten, Diabetis oder Kriibs.

1,4 Milliarde Mënschen op der Welt beweegen sech ze wéineg a riskéieren dowéinst verschidde Krankheeten. Eng grouss Etüd vun der Weltgesondheetsorganisatioun nennt déi kierperlech Aktivitéit, déi feelt, als gréisste Risikofacteur fir zum Beispill Häerzkreeslafkrankheeten, Diabetis oder Kriibs.

Besonnesch d'Frae géife sech ze wéineg beweegen. Ronn een Drëttel vun alle Frae weltwäit ass betraff an ee Véierel vun de Männer, sou d'Etüd.

Fir Lëtzebuerg gëtt et en Taux vun 30,4% fir d'Fraen a 26,4% vun de Männer beweege sech ze wéineg. Dat ass e bessere Wäert wéi d'Moyenne oder zum Beispill Däitschland. An de südleche Länner ass de Problem méi grouss wéi an den aneren.

A Länner, wou et de Leit gutt geet, ass d'Entwécklung besonnesch staark ze gesinn. D'Leit fuere mam Auto schaffen, sëtzen ze vill op der Aarbecht an iessen ze vill kalorieräich Saachen. Déi kierperlech Aarbecht hëlt of an an der Fräizäit gëtt sech och ze wéineg beweegt.

5 Stonnen d'Woch soll ee sech beweegen - trëppelen also - réit d'WHO, oder zwou an eng hallef Stonn Sport maachen.