Mir hunn d'Band "Stomp" zu Köln besicht
Zanter 1991 spillen Stomp uechtert d'ganz Welt an hir Erfollegsstory geet nach ëmmer weider.
Si hu Millioune vu Spectateure begeeschtert an iwwerraschen ëmmer nees hire Public. Am Mee nächst Joer komme se och op Lëtzebuerg. Mir ware si am Virfeld op Köln besichen.
Et war zu Brighton an England, wou sech 1991 Stomp forméiert huet, ma mëttlerweil gi si mat verschiddene Gruppen op Tour an dëst an Europa an an Amerika.
D’Lexi Juliano hëlt ons zu Köln exklusiv mat hannert d'Bühn a wéisst eis, mat wat fir enge kreativen Instrumenter iwwerhaapt gespillt gëtt .
Net nëmme Sand, mee och Géigestänn, déi bei eis an der Poubelle landen, si bei Stomp Instrumenter, u sech alles, wat e Radau mécht, wann een drop schléit.
Et ass d'Biesen-Nummer, déi an den 90er weltbekannt gouf, ma et ass och dee Géigestand, deen am meeschte Verschléiss huet. Bei all Optrëtt ginn der e puer drop.
Et soll e Bühne-Spektakel sinn, deen engem ni langweileg gëtt. Keen eenzegen Optrëtt gläicht deem aneren, Grond dofir: Improvisatioun.
Wie Stomp kennt, kennt och hir riseg Fässer, een Instrument, wat een net einfach esou aus dem Aarm, respektiv Bee rëselt.
Wie rhythmesch ass, leeft d’Gefor, fir während der Show net roueg setzen ze bleiwen, mee et geet de Kënschtler op der Bühn u sech ähnlech, de Beat stécht un.