Zesumme wunnen am Alter
Zu Konsdref huet eng Koppel en Haus mat bal 300 Meter Carré. Fir hei wunnen ze bleiwen, hu si eng Visioun.
An hirem doheem soll eng sougenannten "Participativ-Senioren-Wunngemeinschaft" entstoen. Hiert Haus soll esou ëmgebaut a de 14 Ar Terrain ausgebaut ginn, datt an d'Zukunft ebe méi Senioren op dëser Plaz zesumme kënne wunnen a virun allem hir Autonomie kënne behalen. Esou ka jiddereen, deen hei wunnt, och weider individuell a selwer iwwert säin Dagesrhythmus entscheeden an awer huet een ëmmer d'Sécherheet, datt een net eleng lieft oder eleng muss al ginn.
D'Wunnenge solle spéider tëscht 80 an 100 Meter Carré grouss sinn an et sollen der bis zu 8 um Terrain entstoen. Dës wieren och Altersgerecht, wëll soe mat Lift am Haus an och zougänglech fir Rollstill. Ma iwwert de Käschtepunkt vun esou engem Projet ass aktuell nach näischt Konkretes gewosst, ma et dierft a sollt awer net méi deier ginn, wéi d'Präisser um Maart.
Nieft Konsdref ginn et nach ähnlech Projeten zu Luerenzweiler an am Pafendall.