Op d'mannst 12 Mio. Tonne Plastik landen all Joer an de Mierer. Eng rezent Etüd huet elo ënnersicht, wéi eng Firmen am dackste vertruede sinn.

Déi global Zomm u Plastik, déi produzéiert gëtt, geet vu Joer zu Joer däitlech erop. Goufen 1950 nach weltwäit pro Joer zwou Milliounen Tonne Plastik produzéiert, waren et 2015 schonn 350 Milliounen Tonnen. Knapp 40 Prozent vum Plastik gëtt fir Verpackunge verbraucht. Absurd dorunner ass, datt de Plastik bannent Sekonne produzéiert gëtt, ronn 5 Minutten am Gebrauch ass an dann ënner Ëmstänn 500 Joer an der Natur bleift an do Flëss, Séier, d'Mierer verschmotzt an och d'Liewewiese beaflosst. Pro Joer sollen eng 12 Milliounen Tonne Plastiksoffall an den Ozeaner landen.

De Plastik vu wéi enge Firmen ass hei am dackste vertrueden? Wéi kann een op Plastik verzichten? Wéi weess een, wat an de Produiten, déi ee keeft, esou dran ass?

Analys vun der Initiative "Break free from Plastic"

Op 239 Plazen an 42 Länner op alle Kontinenter bis op d'Antarktis hunn dausende Fräiwëlleger Offall gesammelt a katalogiséiert, wat se dobäi esou fonnt hunn. D'Resultat ass ee rezente Marke-Rapport vun der Initiative "Break free from Plastic", un där ënnert anerem och Greenpeace bedeelegt war.

Bal 200.00 Stécker Offall goufe bei der Aktioun gesammelt, bei 33.613 Plastiks-Fläschen, -Verpackungen, -Becheren, oder -Tuten war nach ze erkennen, ëm wéi eng Firma et sech handelt.

Top10-Ranking vun de Firmen, déi am dackste betraff waren:

1. Coca-Cola (9.216 Unzuel un detektéierte Plastik-Stécker)
2. Pepsi (5.750)
3. Nestlé (2.950)
4. Danone (1.843)
5. Mondelez International (1.664)
6. 7-Eleven (1.527)
7. Procter & Gamble (1.324)
8. Unilever (1.230)
9. Perfetti van Melle (1.085)
10. Mars Incorporated (676)

Teppecher vun Offall op de Mierer ze gesinn

D'Responsabilitéit fir de globale Problem läit net nëmmen op der Säit vun de Konsumenten, mä och zum groussen Deel bei de Firmen. D'Initiative "Break free from plastic" reprochéiert de grousse Firmen, sech net genuch ëm eng Kreeslafwirtschaft ze bekëmmeren.

Virun allem Firmen, déi kuerzlieweg Produite produzéieren, wéi Iessen, Gedrénks, Botz- oder Wäschmëttel oder och Hygiènesartikele sinn den Haaptproblem.

Am Abrëll dëst Joer hat Nestlé matgedeelt, datt een eng nei Plastik-Strategie hätt an an Zukunft nëmmen nach recycléierbare Plastik wéilt benotzen. Ma och dat wäert de Problem net léisen, well a ville Länner ass Recycling einfach onrealistesch, et feelt hei un der Infrastruktur an un de Suen. Global gesi landen 79 Prozent vum Plastik op Mülldeponien oder an Ozeaner. 9 Prozent gëtt recycléiert an 12 Prozent gëtt verbrannt, sou Greenpeace.

Ass de Plastik emol am Mier, ass en eng Gefor fir d'Déieren an awer och fir de Mënsch. De Plastik zersetzt sech no knapp 500 Joer a Mikroplastik an dee gëtt vu Plankton a Fësch opgeholl a lant dann erëm bei eis op den Telleren. Och am Leitungswaasser ass Mikroplastik enthalen a kann net komplett erausgefiltert ginn. Wéi eng Risiken dat mat sech bréngt, ass bis haut nach net gekläert.

Wéi kann ee Plastik vermeiden?

Generell gëllt de Sproch: Reduce, Reuse, Recycle

1. E Rucksak oder e Kuerf aus Stoff beim Akafe benotzen
2. Keng fäerdeg Produite kafen
3. Bei Uebst a Geméis keng Plastikstute benotzen
4. Bei Kéis a Fleesch un der Téik, déi eege Këschten aus Metall oder Glas benotzen
5. Kee Waasser aus Plastiksfläschen drénken
6. Produite mat enger Glas-Verpackung oder Pabeier-Verpackung kafen
7. Keng Liewensmëttel kafen, déi am klenge verpak sinn
8. Bei Kosmetikproduiten op den Inhalt kucken (kee Mikroplastik)
9. Brout beim Bäcker kafen an net dat wat am Plastik verpak ass
10. Op alternativ Geschäfter zeréckgräifen, wou manner Verpackunge benotzt ginn