"Spinning Marathon" fir Organspende mat prominente Gäscht
E Sonndeg gouf fir déi 10. Kéier de "Spinning Marathon" vu LuxTransplant organiséiert.
An der Luxexpo um Kierchbierg hunn dëst Joer eng 1.600 Leit un dësem Event deelgeholl. Nieft dem François Bausch huet och den 1.Bierger vum Land Mars Di Bartolomeo an d’Pedalle gedréckt.
Kuerz virun 12 koum dunn d’Prinzessin Claire op Besuch, d’Fra vum Prënz Felix. Zanter 5 Joer ënnerstëtzt Si déi Responsabel vu “LuxTransplant”. D’Prinzessin huet d’Leit um Vëlo encouragéiert a blouf ronn eng Stonn an der Foireshal.
Mat Hëllef vun dësem Evenement wëllen déi Responsabel vu "Luxtransplant" d'Leit zur Organspend encouragéieren. D'lescht Joer gouf et 9 Organspender, aktuell leie mer am Grand-Duché fir 2018 bei 7. 26 Organer goufen dëst Joer bei verstuerwene Patienten erausoperéiert, erkläert den Dokter Claude Braun.