Astrid Lulling, Rom Bernard a Guy Heintz vu Cool Feet

E Freideg den Owend goung et am Live! op der Tëlee ëm d'Memoirë vum Astrid Lulling an dat neit Lidd vun de Cool Feet.
D’Astrid Lulling huet kuerz virun de Walen hir Memoiren erausbruecht. Am Buch "Mein Leben als Frau in der Politik" kuckt si op hir mouvementéiert politesch Karriär zeréck. Och wa si sech 2014 onfräiwëlleg aus der aktiver Politik huet missten zeréckzéien, leet si nach ëmmer gären hire Pefferkär bäi, wann et ëm hir eege Partei oder déi politesch Konkurrente geet.
Cool Feet sinn erëm do! Dës Band gouf schonn 1968 gegrënnt, mä an enger neier Besetzung a mat Lëtzebuerger Titelen war Cool Feet virun allem an den 90er Joren extrem populär. Lidder wéi "Roude Léif, huel se!” oder "Drénk e Patt op mech" goufen op al Bal matgesongen. Mä dunn ass Cool Feet am Sand verlaf. Bis elo, wou verschidde Memberen erëm labber zesummegespillt hunn an dobäi Loscht kruten, erëm en neie Projet ze starten. De Sänger Rom Bernard, de Gittarist Guy Heintz an hir Bandkollegen hunn d’Single "Bella Stau" opgeholl a wäerten Enn November zwee Revival-Concerten am Melu spillen.