Promie spille fir de gudden Zweck










































Wësst Dir nach, wat Dir als Kand am léifste giess hutt? Oder wat Dir sou alles an der Schachtel hat?
Fir de Weltkannerdag hunn eis Famillenduell-Participanten nämlech missen aus der Siicht vu Kanner äntweren. D’Zil war et, souvill wéi méiglech Sue fir d’Unicef ze erspillen. An dat ass der Promi-Ekipp mam Gérard Valerius, Mandy Graff, Gast Waltzing, Hana Sofia Lopes an Tommy Schlesser am Duell géint d’RTL-Leit Mariette Zenners, Sascha Georges, Valérie Wagner, Olivier Catani a Raphaëlle Dickes gelongen. Mä wéi war d’Ambiance hannert de Kulisse vun der Sendung? A wie sinn d’Kanner, déi am Virfeld befrot gi sinn?
RTL géint Promis huet et am Famillenduell-Spezial geheescht. Eng Sendung, déi dës Kéier ganz am Zeeche vun de Kanner stoung. Fir de Weltkannerdag hu mir d’Formule vum Quiz liicht ëmgeännert: an zwar hu mir net wéi ëmmer 100 Leit gefrot, mä 100 Kanner.
An déi 100 Kanner kommen zum Deel aus dem SEA Lënster Päiperlek. 14 Froe krute se gestallt, ënnert anerem zum flottsten Dag am Joer, d'Liiblingsiessen oder dozou, wéi engen erwuessene Persounen ee follege misst.
De Quiz-Master war an dësem Fall hir Éducatrice Joana Dias. Et wier eng spannend Erfarung fir d’Kanner gewiescht, erzielt si eis. D’Froen huet si ëmmer da gestallt, wann d’Kanner grad puer Minutten Zäit haten, an der Mëttegpaus oder nom Hausaufgabe-Schreiwen.
D’Top-Äntwerte vu Kanner ze nennen, war nawell en Challenge fir d’Famillenduell-Ekippen. Et wéisst een net, wat hautdesdaags an de Käpp vu Kanner bis 10 Joer géif virgoen, fannen d’Mariette Zenners an de Sascha Georges vum Journal. Den Tommy Schlesser dogéint verréit eis, dass hie keng Schwieregkeeten domat hätt, sech an e Kand eranzeversetzen, wat sech och méi spéit am Resultat vum Famillenduell gewisen huet.
Mat engem grousse Virsprong huet d’Promi-Team et an d’Finall gepackt an 10.200 Euro fir de gudden Zweck erspillt. Den Erléis, deen d’Organisatioun “Fifty One International District 104” gespent huet, geet un d’Wanteraktioun vun der Unicef.
Esou ka ville Kanner mat waarmer Kleedung fir déi kal Joreszäit gehollef ginn.