Am Live! Planet People ass et ëm Bollywood an Dokumentairen iwwer Bettel a Wiseler gaangen.

Eng Lëtzebuergerin zu Bollywood! D’Niharica Raizada ass hei am Land opgewuess, huet zu London studéiert, an ass dunn an d’Heemecht vun hiren Eltere geplënnert. Hei am Land war et hir nämlech ze kal, an si wollt déi grouss Familljefester vun hirer indescher Famill materliewen.

An Indien koum si dunn och op de Goût fir Filmer ze dréinen. Si huet mëttlerweil an e puer méi klenge Bollywood-Produktiounen an a Museksvideoe matgespillt. Am Februar leeft “Total Dhamal” un, ee méi grousse Film, wou si un der Säit vu richtege Bollywood-Stars gespillt huet.

D’RTL-Journalisten Pascal Becker an Tim Hensgen hu wärend der Walcampagne d’Spëtzekandidate Claude Wiseler a Xavier Bettel suivéiert. Si konnten dobäi net nëmmen hannert d’Kulisse vun der Politik luussen, mä konnten och e ganz perséinleche Portrait vun hire Protagoniste realiséieren. Och wann déi zwee Politiker grondverschidde sinn an en anere politesche Stil fleegen, waren eis zwee RTL-Kollegen sech duerno eens: si wéilten den Job vum Politiker definitiv net maachen, well et ass en Job ronderëm d’Auer.

Den Documentaire “Am Plang” vum Pascal Becker leeft e Mëttwoch, den 12. Dezember um 20h op RTL Télé Lëtzebuerg, de Film “#Xavier. Ee Joer mam Premier” vum Tim Hensgen kënnt de Mëttwoch drop, also den 19. Dezember um 20h.