Eng Rei Mëssbrauchsvirwërf an eng nei TV-Dokumentatioun belaaschten de Muséker R. Kelly massiv. Säi Label RCA huet elo Konsequenze gezunn.

D'Plackelabel RCA, wat zum Konzern Sony Music gehéiert, soll senger Zesummenaarbecht mam 52 Joer ale Sänger R. Kelly een Enn gesat hunn. Dat hunn de Magazin "Billboard" an d'"New York Times" ënner Beruffung op een Insider gemellt. Op der Internetsäit vum Label, wou ënnert ronn 130 Kënschtler och d'Britney Spears, den Justin Timberlake oder den Usher ze fanne sinn, daucht den R. Kelly net méi op.

Géint den 52 Joer ale Sänger waren d'lescht Woch nees al Mëssbrauchsvirwërf opkomm, dat duerch d'Dokumentatioun "Surviving R. Kelly" bei der Tëleeschaîne Lifetime. De Museker huet bis elo alleguer d'Virwërf ofgestridden an erkläert, Affer vun enger Ruffmord-Campagne ze sinn.