Zanter kuerzem gëtt et zu Lëtzebuerg ee Service, dee Kuscheltherapie ubitt.

D'Elisa Meyer ass vu Beruff professionell Kuschlerin a wëll de Leit, déi sech eleng fille fir eng Stonn d'Gefill ginn, dass ee fir si do ass an ee si an den Aarm hëlt. 60 Euro kascht eng Stonn bei hir. En zolitte Präis, ma et soll de Mënschen hëllefen.

Een an den Aarm huelen, Kuschelen, Schmusen, Knoffelen – u sech eng ganz normal Saach. An awer ginn et Mënschen, déi wéineg sozial Kontakter hunn, sech eleng fillen a soumat keen hunn, dee si an den Aarm hëlt. D'Elisa Meyer wëll dat änneren. Si huet sech en net alldeegleche Beruff erausgesicht.

Déi jonk Fra huet wärend hirem Studium zu Wien domadder ugefaang. Si huet d'Kuschelkiste gegrënnt. En Internetsite, wou si an aner Profi-Kuschler hire Service kënnen ubidden. Elo kann ee seng Kuschelstonne schonn an Däitschland, Éisträich an eben zu Lëtzebuerg buchen.

Virun all Stonn informéiert d'Elisa hir Clienten. Reegele sinn immens wichteg, fir dass kee falsch Erwaardungen huet. Et soll ee sech wuelfillen a sech géigesäiteg respektéieren. Et ginn zum Beispill Tabuzonen an et dierf ee sech och net ënnert de Kleeder beréieren.

Vill Leit, déi bei d'Elisa kommen, hu keng richteg Bezuchspersoun an hirem Liewen a sichen och einfach nëmmen een, fir ze schwätzen.

Dofir ass et dem Elisa wichteg Vertrauen opzebauen a lues a lues un déi Saach erunzegoen. Vill Leit, déi bei si kommen, sinn et net gewinnt Kierperkontakt mat engem anere Mënsch ze hunn.

Wann d'Elisa vun hirem Beruff erzielt, dann trëfft et net ëmmer op Verstees de mech. Och hir Frënn a Famill stoungen der Saach am Ufank skeptesch géigeniwwer.

D'Elisa Meyer ass iwwerzeegt, dass si de Leit mat der Kuscheltherapie hëllefe kann. Si huet scho méi Leit aus enger schwéierer Phase eraus begleet, sief et Fra oder Mann. A bei jidderengem huet si positiv Effekter direkt no der Kuschelstonn wouer geholl.  D'Elisa weess awer och, dass et schwiereg ass d’Grenz ze zéien tëscht, de Mënsche falsch Hoffnunge maachen oder hinnen e puer schéi Stonnen ze schenken. An dofir probéiert si dat och ëmmer kloer ze thematiséieren, fir dass dem Erfolleg vun der Kuscheltherapie näischt am Wee steet.