Lëtzebuerg net méi an den Top 10 vun de gesondste Länner op der Welt

Eng Plaz huet Lëtzebuerg am Ranking vun de gesondste Länner op der Welt verluer a fält esou aus den Top 10 eraus.
Et ass Norwegen, dat zwou Plazen dobäi gewonnen huet an esou an d'Top 10 geréckelt ass. Lëtzebuerg ass elo op der 11. Plaz. Spuenien konnt mat engem Plus vu 5 Plazen op d'1 sprangen an huet Italien an Island op d'Plazen 2 an 3 verdrängt.
Den Indice gëtt gerechent unhand vu verschiddene Kritäre wéi d'Liewenserwaardung. Minuspunkte ginn et fir d'Fëmmen oder d'Fettleiwegkeet. Facteure wéi den Zougang zu propperem Waasser respektiv d'Kläre vum Waasser spillen och eng Roll.
Et ginn dann och Erklärungen, wisou Lëtzebuerg zeréckgefall ass. Zanter Jore geet d'Fettleiwegkeet zu Lëtzebuerg erop, d'Ernierung gëtt méi schlecht an d'Leit si sportlech manner aktiv.
Weider Detailer bei de Kolleege vu 5minutes.

© Bloomberg (1/3)

© Bloomberg (2/3)

© Bloomberg (3/3)