Genial Star-Wars-Parodie op Oscar Lidd vum Lady Gaga a Bradley Cooper

© Screenshot Facebook / Nerdist Comedy
D'Leit vun "Nerdist Comedy" hu den Erfollegshit aus dem Film "A Star is Born" geholl an en an enger Star-Wars-Versioun nei interpretéiert.
Scho Millioune Klicken huet d'Internet-Komiker-Grupp "Nerdist Comedy" mat dësem Video op Facebook kritt. D'Rezept ass e ganzt einfacht: Huel d'Litt, wat den Oscar fir Original Song gewonnen huet a schreif eng nei Story, baséierend op eng vun der erfollegräichste Sagaen aus der Filmgeschicht. Ersetzt dann d'Lady Gaga an de Bradley Cooper duerch de Kylo Ren an d'Rey an déi musikalesch Parodie ass perfekt.
Hei dann d'Versioun vun "Nerdist Comedy" mam Titel "A Star Wars is Born"
Hei dann nach eng Kéier den Original vum Lady Gaga an dem Bradley Cooper aus dem Film "A Star is Born".