Déi eng brauche se fir moies zou sech ze kommen, déi aner fir den Alldag hannert sech ze loossen. Wéini mir am Dag duschen, ass awer net sou ganz egal.

Fir d'Muskelen, de Kreeslaf, d'Haut an eist Wuelbefannen ass de richtegen Zäitpunkt fir ze duschen net grad egal. Eng pauschal Äntwert gëtt et zwar net, mä et kann een awer feststellen, wéi een Dusch-Mënsch een ass.

Owes

Wie gär laang a waarm duscht, sollt dat am beschten owes maachen. Waarmt Waasser entspaant nämlech eis Muskelen a suergt dofir, dass de Bluttdrock erofgeet. Doduerch gi mir méi séier midd an dat hëlleft natierlech och beim aschlofen. Besonnesch no engem stressegen Dag, ass eng Dusch oder nach eng waarm Bidden en Highlight. Wann een zousätzlech nach d'Luucht e bëssen dimmt oder bei Käerzeliicht am Buedzëmmer ass, hëlleft dat dem Kierper d'Schlofhormon Melatonin auszeschëdden.

Fir d'Muffelen ënnert eis, ass et natierlech och e Virdeel, moies nach e puer Minutte méi laang kënne leien ze bleiwen.

Een, deen zu Allergie neigt, sollt och besser owes duschen, well esou méiglech Déierenhoer, Pollen a Stëbs vun der Haut an op den Hoer erofgespullt ginn, déi an der Nuecht fir eventuell Néitsattacke oder eng zouen Nues suergen.
Klengen Tipp: D'Gezei, dat een de ganzen Dag un hat, sollt ee besser och net mat an d'Schlofzëmmer huelen, mä direkt an de Wäschkuerf geheien.

Fir Leit mat dréchener Haut ass d'Owesdusch och am beschten, well sech de Schutzmantel vun der Haut iwwer Nuecht besser regeneréiere kann. Reift ee sech owes och nach mat Crème an, déi net wéi am Dag vun eisem Gezei opgesuckelt gëtt, huet d'Kierperfleeg genuch Zäit ze wierken.
Och hei en Tipp fir Fraen: Am beschten owes raséieren, dann huet d'Haut Zäit bis den anere Moien, fir sech ze berouegen.

Moies

Fir sou richteg wakereg a fit an den Dag ze starten, ass d'Dusch moies natierlech e "Must". De Kreeslaf kënnt a Schwong an et kritt ee scho moies en Energiekick, nach ier den Dag richteg ugefaangen huet. Besser ass et allerdéngs, d'Waasser net ze waarm opzedréinen, mä e puer Grad erofzesetzen. Dat reegt zousätzlech d'Bluttzirkulatioun un a belieft de Kierper an de Geescht.

Wien e Problem mam schweessen huet, ass besser dru moies ze duschen. De Schweess, deen de Kierper an der Nuecht produzéiert huet, gëtt sou ewechgespullt an dat suergt dofir, dass ee net esou séier e staarke Geroch entwéckelt. Och wie zu fettegen Hoer neigt, sollt besser moies an d'Dusch klammen, fir dass d'Talg- a Fettoflagerungen, deen iwwer Nuecht produzéiert gouf, vun der Kapphaut an den Hoer gewäsch ginn.

Egal ob moies oder owes, Duschen gehéiert fir jiddereen zum Wuelfill-Programm. Et ginn och Leit, déi 2 Mol den Dag duschen, dat sollt een allerdéngs nëmmen an Ausnamefäll maachen, well d'Haut soss ausdréchent. Dermatologe recommandéiere souguer, nëmmen all 2  bis 3 Deeg ze duschen.