Enger neier Etüd no léisst sech all fënneften Doudesfall weltwäit op ongesond Ernärung zeréckféieren.

D'Resultater vun der Etüd huet d'Fachzäitschrëft "The Lancet" en Donneschdeg verëffentlecht. D'Wëssenschaftler si sech eens, dass vill Mënschen ze vill Zocker, Salz a Fleesch consomméieren, dofir awer ze wéineg gesond Liewensmëttel wéi Uebst, Vollkarproduiten oder Nëss iessen.

D'Etüd confirméiert, datt eng schlecht Ernärung fir méi Doudesfäll responsabel ass, wéi all anere Risikofacteur op der Welt.

Am Schnëtt consomméieren d'Mënschen och 10 Mol méi Gedrénks mat Zocker an 86 % méi Salz wéi recommandéiert.

Fir d'Etüd goufen d'Iessgewunnechten an 195 Länner tëscht 1990 an 2017 ënnersicht. A praktesch all Land hu sech d'Leit falsch ernäert a souguer d'Ënnerscheeder wieren enorm. Zum Beispill läit den Taux vun de Stierffäll duerch falscht Iessen am héchsten am Usbekistan an ass 10 Mol méi héich wéi an Israel, dat op der leschter Plaz gelant ass. Déi heefegst Doudesursaache sinn Häerz-Kreeslafproblemer, dacks ausgeléist duerch Obesitéit.

Och déi wirtschaftlech Ongläichheet spillt a ville Länner eng wichteg Roll fir déi gesond Ernärung. D'Doktere recommandéiere wuel 5 Portiounen Uebst a Geméis am Dag, wat a räiche Länner knapp 2% vum Akommes vun engem Stot ausmécht. An aarme Länner mécht dat d'Halschent vum Budget pro Stot aus.

Net ënnersicht goufe Stierffäll wéinst Mangelernärung. D'Vereenten Natioune ginn dovun aus, dass bal eng Milliard Mënsche weltwäit ënnererniert ass. Dogéint consomméieren 2 Milliarde Leit däitlech méi Kalorien, wéi se brauchen.