Den däitsche Profi-Kach Mike Süsser kënnt dës Woch op Lëtzebuerg. Am Kader vun der Sendung "Mein Lokal, Dein Lokal" triede 4 Restauranten géinteneen un.

An der Kabel1-Sendung triede wärend enger Woch verschidde Restauranten géinteneen un, déi eppes gemeinsam hunn. D'Gemeinsamkeet dës Kéier: D'Produzenten hu sech 4 Adresse vu Restauranten hei am Land erausgesicht.

Eent vun de bekannten Haiser, dat mat dobäi ass, dat ass de "Katchi" um Knuedler an do wäerten zwee Profien a Saachen Tëlee virun der Kamera stoen. D'Proprietären heeschen nämlech de Schauspiller Mickey Hardt an déi fréier RTL-Presentatrice a Kächin Tanja de Jager.

Nieft dem "Katchi" ginn awer och nach de "Restaurant Mathes" op der Musel, dem Ernesto Prosperi seng "Taverne Beim Baron" an d'"Brauhaus" méi genee ënnert d'Lupp geholl.

De Prinzip vun der Sendung: Ee geet bei deen aneren iessen an zum Schluss gewënnt ee Restaurant. D'Proprietären aus den eenzelen Haiser an den däitsche Kach a Moderator Mike Süsser decidéieren, wien dee beschten ass.

Viru 6 Joer ass déi éischt Sendung um Fernseh gelaf, hire Wee féiert elo eng alleréischte Kéier och op Lëtzebuerg. Matmaachen, an domat d'Chance hunn 3.000 Euro ze gewannen, kann och nach laang net Jiddereen. Ee vun de wichtegste Critèren: Et muss ee fotogen sinn.

D'Kabel1-Emmissioun zielt iwwregens bal eng Millioun Spectateuren, wann dat also keng uerdentlech Pub ass?!