D'Ernärung spillt eng wesentlech Roll beim Entstoe vu Kriibs, ass also also nach méi e wesentleche Faktor fir eis Gesondheet.

Duerch gesond iessen, kéinten all Joer Dausende Kriibserkrankunge verhënnert ginn, well d'Ernärung e groussen Afloss op de Risiko huet, Kriibs ze kréien. Dëst ass d'Resultat vun enger aktueller Etüd vu Fuerscher vun der Tufts Universitéit an den USA, déi och an der Fachzäitschrëft "JNCI Cancer Spectrum" verëffentlecht gouf.

De gréisste Risk wéinst schlechter Ernärung u Kriibs z'erkranken, hu Männer am Alter tëscht 45 a 64 Joer.

Eleng an de USA konnten d'Fuerscher am Ganzen 80.110 Kriibserkrankunge vun Erwuessenen iwwer 20 Joer op eng schlecht Ernärung zeréckféieren. Dat entsprécht ronn 5,2% vu sämtlechen invasive Kriibsfäll, déi bei Erwuessenen an den USA am Joer 2015 diagnostizéiert goufen. Dësen Taux ass ze vergläichen mat där Zuel u Kriibsfäll, déi och op Alkohol zeréckzeféiere sinn.

Den héchste Kriibsrisiko hunn deemno Mënschen, déi ze wéineg Vollkarproduiten iessen. Direkt hannendrun déi Leit, déi ze wéineg Mëllechproduiten, Uebst a Geméis, dogéint awer ze vill verschafften oder rout Fleesch iessen an dobäi Gedrénks mat vill Zocker consomméieren.

Mat verschafftem Fleesch sinn déi Produite gemengt, déi duerch salzen, fermentéieren, reecheren a pökelen haltbar gemaach ginn, zum Beispill Ham oder Wirschtercher. Dorop hat awer schonn Weltgesondheetsorganisatioun WHO higewisen an esou Liewensmëttel als kriibserreegend agestuuft. Besonnesch den Daarmkriibsrisiko geet doduerch an d'Luucht. Wien allerdéngs vill Vollkarproduiten ësst, reduzéiert d'Warscheinlechkeet Daarmkriibs ze kréien.