"Johann’s Küche" sou heescht dat neit Kachbuch vum Fernsehkach Johann Lafer, dee rezent säin neit wierk zu Lëtzebuerg virgestallt huet.

AUDIO: Neit Kachbuch vum Joahnn Lafer / Reportage Christian Schmit

Zwou renomméiert Garagen haten op zwee Owender an hire prestigiéise Showroom an d’Stad invitéiert, fir e Galadinner a Form vun engem Show Cooking. A genee do huet de Christian Schmit sech mam Johann Lafer iwwer déi neiste Publikatioun ënnerhal. De bekannte Kach ass ëmmer nees gären zu Lëtzebuerg. Rezepter fir Entréeën, Zoppen, Vegetaresch, Fësch, Fleesch an natierlech och Desserten ginn et. An déi eenzel Kapitele mat "jung und taufrisch, jung und einfach, grüne Wunder oder kleine Offenbarungen" maachen engem Appetit et selwer auszeprobéieren.

Virun allem déi jonk Generatioun soll erëm de Spaass um selwer zoubereeden vun enger Moolzecht animéiert ginn.