Et si Biller, déi un de schéinsten Dag vun enger Koppel sollen erënneren, ma wie keng 08-15-Fotoe wëll, muss sech schonn eppes afale loossen.

Déi meescht Hochzäitsfotoe sinn dezent, weisen eng verléifte Koppel, vläicht mat engem spektakulären Hannergrond oder an engem besonnesch romantesche Moment, ma wann d'Koppel an engem wäissen Damp verschwënnt, läit dat wuel un engem neien Trend: dem sougenannte Vaping.

Am Februar konnt een déi éischt Biller op de sozialen Netzwierker entdecken, ma mëttlerweil huet sech doraus e richtegen Trend entwéckelt. Wat méi Damp, wat besser.

Dat klassescht Fëmmen gëtt ëmmer méi duerch "vapen", respektiv dämpen ersat. Den englesche Begrëff "vape" gëtt deemno mat der E-Zigarette verbonnen a genee dorëms geet et bei de Fotoen. Op de Biller, déi mëttlerweil ganz vill op de soziale Reseaue gedeelt ginn,  gesäit een d'Koppel selwer dämpen oder si ginn hallef am Damp vun hiren Invitéeën ënner.

D'Meenungen, ob een deen Trend elo gutt fënnt oder net, ginn op jiddwer Fall auserneen.