Saké - dat neit It-Gedrénks an Europa?
Hei gëllt et awer opzepassen. De japaneschen an de chinesesche Saké sinn net onbedéngt dat selwecht.
Déi meescht vun eis kennen de Räiswäin als waarmt Gedrénks, dat ee beim Asiat wärend oder nom Iessen ze drénken kritt, dobäi wier en nach besser, wann en äiskal genoss gëtt.
Zanter 17 Joer ass de Xavier Thuizat geléierte Sommelier an huet et haut als Chef-Sommelier an ee 5 Stäre Luxushotel zu Paräis gepackt. Wäin ass seng Leidenschaft a fir hie fält och de japaneschen Räiswäin an dës Kategorie. Virun 7 Joer huet hien sech als Saké-Sommelier ausbilde gelooss.
Vill Leit géingen de japaneschen Saké mat sengem chineseschen Namensvetter verwiesselen. Dobäi ënnerscheeden déi zwee sech fundamental an der Produktioun. Déi chinesesch Variant gëtt distilléiert, wärend de japanesche Saké fermentéiert ass, an nëmmen en Alkoholgehalt vun 10-20 Prozent huet. Et wier en exzellenten Aperitif an gëtt vun de Japaner net nëmmen waarm, ma gären och äiskal gedronk.
De Saké ass deen eenzegen Alkohol op der Welt, deen een vu -5 bis 50 Grad genéisse kann. Dem Sommelier no sollt en awer net op méi wéi 35 Grad erhëtzt ginn, well en da säin Aroma verléiere géing. Fir säi Wëssen ëmmer nees op ze frëschen, reest de Xavier Thuizat mindestens zwee am Joer a Japan. De Saké ass de Japaner hiert Nationalgedrénks a sou ginn et eng ronn 1.150 Saké-Brauereien, déi 9.000 verschidden Zorte produzéieren.
Japanesche Saké sollt een dann och aus traditionelle Wäiglieser drénken, well een domadder déi ënnerschiddlech Aromae besser erausschmaache kéint.
Japan huet mat der EU am Juli zejoert en Wirtschaftspartenariat ënnerschriwwen, wat et de Brauereie méi einfach mécht, hire Saké an Europa ze importéieren. Ass dat vläicht schonn de neien Tipp, fir d'Summergedrénks 2020?