Ëmmer méi Studie beleeën, dass e moderéierte Kaffikonsum net nëmme gutt fir d'Gesondheet ass, mä och fir d'Sexual-Liewen!

Den neisten Erkenntnesser aus der Kaffifuerschung no sollen d'Männer manner Erektiounsproblemer hunn, wa se am Alldag tëscht 2 an 3 Tase Kaffi drénken, spréch tëscht 170 bis 350 Milligramm Koffein, sou den David Lopez vun der University of Texas.

3724 Männer an hir Iessgewunnechte goufen dobäi genau ënnert d'Lupp geholl. Am wéinegste Schwieregkeete mat Potenz haten déijéineg, déi pro Dag ëm 250 bis 375 Milliliter vum Montermaacher gedronk hunn. Esouguer männlech Participanten, déi mat Iwwergewiicht oder héijem Bluttdrock geplot waren, hate manner Erektiounsproblemer. Déi eenzeg Testpersounen, bei deenen de Koffein d'Libido net ugekuerbelt huet, waren d'Diabetiker.

E Resultat, dat der Pharmaindustrie héchstwahrscheinlech net gefält. Ob e moderéierte Kaffikonsum déi kleng blo Pëlle wierklech ersetze kann?