Wie sinn déi 10 fitste Staatscheffe weltwäit?

© Twitter / Health Fitness Revolution
Zanter 2014 gëtt all Joer eng Lëscht mat der Top 10 vun de Staatscheffe publizéiert, déi a puncto Sport a Lifestyle eng Virbildfunktioun erfëllen.
Wat sinn d'Kritäre vu "Fittest Heads of State?"
1. Net nëmmen d'Kinneken an d'Kinniginne vun engem Land kënne gewielt ginn, mä och de Premier.
2. E wichtege Kritär ass natierlech, dass si alleguerten a gudder kierperlecher a mentaler Verfassung sinn.
3. De Staatscheffe soll net nëmmen hir eege Gesondheet um Häerz leien, mä si sollen och e gesonde Liewensstil promovéieren.
4. Déi kierperlech Fitness gëtt mat Bléck op den Alter gekuckt.
Queen Elizabeth
Bekannt fir hir gutt Gesondheet ass déi 93 Joer al Queen Elizabeth, déi zanter net manner wéi 67 Joer um Troun sëtzt. Am léifsten erniert si sech vu gegrilltem oder pochéiertem Fësch mat Geméis an Zalot. A puncto Iesse wier si immens disziplinéiert, sou hire fréiere Kach.
Queen
Emmanuel Macron
Gutt ewechkomm beim Ranking ass och de franséische President Emmanuel Macron. A senger Fräizäit spillt hien Tennis a geet dacks mat senger Fra a senge Kanner Vëlo fueren. Donieft geet hien och vill lafen a reegelméisseg Schi fueren an d'Alpen an d'Pyrenäen.
Macron
Kinnek Felipe VI
De spuenesche Kinnek huet zwou Militärschoulen absolvéiert an ass zanter 1992 Member am olympesche Segel-Team zu Barcelona.
Felipe
Grand-Duc Henri
Weltwäit gëllt eise Grand-Duc als ee vun de fitste Staatscheffen. Hien ass aktiv a sou munche Gesondheets- a Fitness-Organisatiounen, wéi zum Beispill dem "International Olympic Committee". Niewelaanscht trainéiert hien och selwer.
Grand-Duc
George Weah
De liberianesche President George Weah gouf och an d'Top 10 vun de fitste Staatscheffe gewielt. De fréiere Futtballspiller spillt samschdes reegelméisseg mam Ball. Den George Wash ass den eenzegen Afrikaner, deen de Ballon d'Or an d'Auszeechnung "FIFA World Player of the Year" krut.
George Weah
Justin Trudeau
Och de kanadesche Premier mëscht am Ranking eng gutt Figur. Nieft senger Tâche als Staatschef ass den Justin Trudeau och aktiv am Boxen a geet dacks mam Snowboard a mam Kayak fueren. Esouguer Yoga steet bei him um Dagesprogramm.
Trudeau
Mark Rutte
De Kritäre vun "Fittest Heads of State" no ass den hollännesche Premier an enger gesonder kierperlecher a mentaler Verfassung. Ënnert anerem läit dat wahrscheinlech dorun, dass hien all Dag mam Vëlo op d'Aarbecht fiert. Sou promovéiert hien d'Vëlofueren am ganze Land. Nieft dem Sport ass de Mark Rutte am kulturelle Beräich täteg. Musek zielt nämlech och zu de Kritäre vun engem gesonde Lifestyle.
Rutte
Vladimir Putin
Et ass gewosst, dass de Vladimir Putin ee vun de fitste Presidenten op der Welt ass. Hien trainéiert 7 Deeg d'Woch, geet schwammen a mécht Judo. Am Alter vu 60 Joer huet hien ugefaangen, Hockey ze spillen. Ausserdeem drénkt de russesche President seelen Alkohol.
Putin
Khaltmaagiin Battulga
Mam Staatschef vun der Mongolei leet ee sech am beschten och net un. Dësen huet 1989 d'Wresling-Weltmeeschterschaft zu Ulaanbaatar gewonnen. Wéinst sengem sportleche Succès ass Judo de populäerste Sport an der Mongolei.
Mongolei
Tun Mahathir Bin Mohamad
94 Joer - en Alter, deen de malaysesche Premier net dovun ofhält, weider Politik ze maachen. Als fréieren Dokter leet hie vill Wäert op psychesch a physesch Gesondheet. "Ech fëmmen net, drénke keen Alkohol an iwwerfriesse mech net", sou den Tun Mahathir Bin Mohamad.
Malaysia
Poopst Francis
Eng Persoun, déi net an dësem Ranking virkënnt, awer trotzdeem wichteg ze ernimmen ass, ass de Poopst Francis. Him no soll déi spirituell Fitness dobäi hëllefen, déi kierperlech ze verbesseren. Manner Nuddelen a méi Trëppele goen - dat ass seng Devise!