Chrëschtmäert suerge fir gutt Stëmmung wann d'Deeg kal a gro sinn a verkierzen d'Waardezäit bis Helleg Owend.

Fréier ware Chrëschtmäert e Moyen fir d'Leit, och am Wanter hir Akeef ze maachen, haut ass et eng Méiglechkeet gemittlech mat léiwe Mënschen zesummen ze sinn, sech mat Glühwäin oder engem waarme Schocki ze wiermen a sech mat un d'Saison ugepasste Produiten op Chrëschtdag anzestëmmen.

Och wa mer zu Lëtzebuerg, nieft deen gréissere Chrëschtmäert, wéi deen zu Esch, Déifferdeng an an der Stad, vill där méi kleng, lokaler Mäert hunn, zitt et relativ vill Leit an eis Nopeschregiounen, déi nawell vill ze bidden hunn.

Mir hunn Iech aus der Groussregioun déi 3 bekanntste Chrëschtmäert erausgesicht. Iwwer de Goût vun all Mënsch léisst sech bekanntlech streiden. Sécher ginn et nach ganz vill aner flott Mäert...

Däitschland

Zu den eelste Chrëschtmäert an Däitschland gehéiert de Striezelmarkt zu Dresden an natierlech och de Christkindlmarkt zu Nürnberg. Béid Mäert bidde vill Handwierkskonscht, immens schéi Chrëschtdagsatmosphär an eng helle Wull u flotten Animatiounen.

Et muss een awer net esou wäit siche goen, fir ee flotte Chrëschtmaart z'erliewen. Um traditionellen Trierer Weihnachtsmarkt ass et de mëttelalterlechen Haaptmaart mat gutt 90 festlech dekoréierte Holzchaleten a virun allem d'Kuliss vum Tréierer Dom, déi d'Atmosphär besonnesch speziell mécht.

Ëffnungszäiten
Vum 22. November bis den 22. Dezember, all Dag vun 10.30 bis 20.30 Auer, freides a samschdes vun 10.30 Auer bis 21.30 Auer. Sonndes vun 11 bis 20.30 Auer.

Op "Totensonntag", 24. November ass de Chrëschtmaart zou.

Och eng Visitt Wäert ass de Chrëschtmaart zu Köln, besonnesch deen, deen direkt beim Worzeeche vun der historescher Stad läit. D'Iess- a Gedrénksbuden fënnt een do ronderëm den héije Chrëschtbeemchen an der Mëtt vum Maart. Et soll iwwregens dee gréisste Bam sinn am Rheinland. 2019 soll de Beemchen ëmmerhin gutt 25 Meter héich sinn a 7 Tonne weien.

Ëffnungszäiten
Vum 25. November bis den 23. Dezember, all Dag vun 11 bis 21 Auer. Donneschdes a freides bis 22 Auer a samschdes vun 10 bis 22 Auer.

Den Oochener Chrëschtmaart ass virun allem bekannt duerch seng traditionell Printen. Et ginn natierlech och aner Grënn, wisou een dee Maart schonn emol soll besicht hunn. An der Zäit virun de Feierdeeg verwandele sech d'Stroossen a Gaassen nämlech an eng richteg Chrëschtdagslandschaft. Net fir näischt lackelt Oochen all Joer ëm 1,5 Millioune Visiteuren aus ganz Europa op hire Chrëschtmaart.

Ëffnungszäiten
Vum 22. November bis den 23. Dezember, all Dag vun 11 bis 21 Auer.
E Sonndeg 24. November vun 18 bis 21 Auer.

Frankräich

Stroossbuerg nennt sech net fir näischt "Capital de Noël". Déi ganz Stad ass an der Adventszäit een eenzege grousse Chrëschtmaart, opgedeelt op 12 Plazen, zum Beispill ronderëm d'Kathedral. De Christkindelsmärik gouf 1570 gegrënnt an zielt dowéinst net nëmmen als ee vun den eelsten an Europa, mä ass deen eelsten a Frankräich. Donieft gëtt et do och dee gréisste Chrëschtbeemchen a ganz Europa.

Ëffnungszäiten
Den 22. November vu 14 bis 21 Auer.
Vum 23. November bis den 30. Dezember, all Dag vun 11 bis 20 Auer, de 24. Dezember vun 11 bis 18 Auer, de 25. Dezember ass zou a samschdes ëmmer bis 22 Auer.

Zanter Joren huet och Metz sech en Numm gemaach a Punkto Chrëschtmaart, ëmmerhin deen zweetgréissten a Frankräich. Do ass ee stänneg beméit de ville Visiteuren en neien Highlight ze bidden. Nieft iwwer 80 Chaleten, ass virun allem dat gréisste mobilt Riserad an Europa eng vun den Haaptattraktiounen.

Ëffnungszäiten
Den 20. November bis den 5. Januar.
Méindes bis donneschdes a sonndes vun 10 bis 20 Auer, freides a samschdes vun 10 bis 21 Auer.

Zwou grouss Plaze verzaubere Lyon an eng magesch Chrëschtdagswelt. Op der Place de Carnot fënnt een ëmmerhin iwwer 140 Chalete mat Produiten aus aller Welt: Kanada, Polen, Russland, etc. U Vilfalt wuel kaum z'iwwerbidden. Op der Place de la Croix-Rousse sinn et mat 30 Exposanten däitlech manner, ma dës Plaz ass komplett couvréiert.

Ëffnungszäiten
Vum 23. November bis den 24. Dezember, all Dag vun 10.30 bis 20 Auer. 
Vu sonndes bis donneschdes vun 10.30 bis 20 Auer, freides a samschdes vun 10.30 bis 22 Auer. De 24. Dezember just bis 16 Auer.

Belsch

Als drëttschéinste Chrëschtmaart a ganz Europa zielt dee vu Bréissel. Ënnert dem Motto "Plaisirs d'hiver" fënnt een op 2,5 Kilometer, vun der Grand-Place bis bei de Marché aux Poissons, am Ganzen iwwer 270 Chaleten an all Dag ginn Animatiounen fir Grouss a Kleng gebueden.

Ëffnungszäiten
Vum 29. November bis den 25. Januar, all Dag vun 12 bis 22 Auer. 
Den 24. an 31. Dezember vun 12 bis 18 Auer.

Zu Léck gëtt e richtegt Chrëschtdagsduerf mat iwwer 200 Chaleten opgeriicht an zielt zanter 32 Joer zu engem vun de gréisste Chrëschtmäert an der Belsch. D'lescht Joer krut de Maart souguer offiziell den Titel als "Capitale Européenne de Noël 2018". Onvergiesslech mécht dee Maart ganz sécher och seng Schlittepist op der Place Cathédrale.

Ëffnungszäiten
Vum 29. November bis den 5. Januar, all Dag vun 11 bis 22 Auer. Vu sonndes bis mëttwochs bis 22 Auer, vun donneschdes bis samschdes bis Hallefnuecht.

De Chrëschtmaart zu Durbuy ass wuel manner Leit e Begrëff an huet de Statut als déi klengsten Uertschaft op der Welt mat Stadrecht. Ëm Chrëschtdag verwandelt sech déi kleng Stad an eng kleng Feeënlandschaft. Ronn 60 Chalete verdeele sech am historesche Kär an an de pittoreske Stroossen.

Ëffnungszäiten
Vum 22. November bis den 24. Januar an nach emol vum 29. November bis de 5. Januar, ëmmer vu 14 bis 20 Auer. De Weekend vun 11 bis 22 Auer.