Lëtzebuerg bleift eng beléiften Tourismusdestinatioun
Engem Sondage no waren d'Touriste gären hie am Land an der Vakanz, an de Gros vun hinne géif och nach eng Kéier erëmkommen.
Engem éischte Bilan vun der Saison 2025 no gouf et eng Hausse vun engem Prozent bei den Iwwernuechtungen am Verglach mam Joer virdrun. Deemno goufen an den éischte 6 Méint dëst Joer eppes méi wéi zwou Milliounen Iwwernuechtunge registréiert.

© MECO
D'Hoteller waren zu 74 Prozent ausgelaascht an och de Camping bleift immens beléift. Sondagë bei de Visiteuren hunn erginn, datt dës ganz zefridde mat hirer Vakanz hei am Land waren an datt knapp 90 Prozent dovun wëlles hunn, nach eng Kéier erëmzekommen.
E gutt Joer fir den Tourismus hei zu Lëtzebuerg
No zwee Rekord-Jore stabiliséiere sech d'Chifferen op engem héijen Niveau. Déi Konklusioun zitt den delegéierte Minister fir den Tourismus, Eric Thill, am Tëschebilan vun der Tourismus-Saison, deen en Donneschdeg op enger Pressekonferenz presentéiert gouf. Houfreg ass ee virun allem dorop, datt och Residente Vakanz heiheem maachen. Bis Juli dëst Joer ass et e Plus vu 46 Prozent par rapport zu 2019 vu Leit, déi am Grand -Duché liewen an och hei Vakanz maachen. Fir den Eric Thill eng Confirmatioun och vun der Campagne "Lëtzebuerg dat ass Vakanz": "Sief dat iwwert de Vëlo-Summer, sief dat iwwert eis Campagne Guide for one day, fir eeben och de Residenten ze weisen, dass mer hei zu Lëtzebuerg ganz, ganz vill ze bidden hunn."
An a punkto wat mer ze bidden hunn, huet och d' Kultur eng wichteg Roll. Ronn 20 Prozent vun de Leit, déi op Lëtzebuerg kommen, wiere kultur-interesséiert: "Dat sinn eis Muséeën, dat sinn eis Schlässer, eis Buergen, eis Industrie-Ierwe, Maarteleng. An dat ass och eppes, wou mer eebe ganz kloer iwwert déi nächst Joer de Kulturtourismus weider wëlle promouvéieren, well, ech mengen dat kenne mer alleguerten, mir géife gären an d'Ausland och aner Kulturen entdecken. An dat hu mer hei zu Lëtzebuerg ganz kloer och an do hu mer nach ganz vill Potenzial."
Fir d' Leit op Lëtzebuerg gezunn ze kréien, spillen antëscht och déi Sozial Medien eng Roll: "Dat ass natierlech e Vecteur, wéi op villen aner Plazen, wou een nach eng Kéier eng ganz aner Clientèle kann uschwätzen. An do hu mir iwwert déi lescht Joren och iwwert den LFT, iwwert eis URTen, eis Acteuren um Terrain, ganz vill Efforte gemaach, wou mer och mat Partner zesummegeschafft hunn, déi eng gewëssen Experienz hunn. An dat weist och do seng Friichten dofir eeben net just iwwert dee klassesche Wee d'Leit op Lëtzebuerg ze lackelen, mee dass een do iwwer Social Media, iwwer flott Promotiounsvideoen eeben och d'Lëtzebuerger Land, eis verschidde Regiounen nach eng Kéier an en anert Liicht ka stellen. An dat ass hautdesdaags an der Promotioun vun engem Tourismus-Standuert Lëtzebuerg natierlech ganz, ganz wichteg."
D'Hoteller am Land waren an der Moyenne zu 74 Prozent besat, dat wier en exzellent Resultat, sou den zoustännege Minister. Beléift sinn dann awer och d'Campinger, do gouf et zanter 2019 e Plus vu 26 Prozent vun Iwwernuechtungen. Ee Beräich, deen zanter Covid dann awer méi gelidden huet, ass de Business Tourismus: "Dat ass awer fir eis ganz, ganz wichteg, de Business Tourismus iwwert déi nächst Joer weider ze stäerken, well mer der Meenung sinn, dass mer hei zu Lëtzebuerg do nach ganz vill Potenzial hunn, Lëtzebuerg am Häerz vun Europa, wou mer um Kierchbierg mat all deenen Institutiounen infrastrukturelle Méiglechkeete wierklech nach ganz vill Potenzial hunn, fir de Business Tourismus ze stäerken."
De Luxembourg Convention Bureau, dee fir de Business Tourismus responsabel ass, wier nei opgestallt ginn an iwwert déi nächst Jore géif ee versichen, och do d'Chiffere vun Iwwernuechtungen erëm an d' Luucht ze kréien. Et géif weider an d'Qualitéit, d'Innovatioun, mee och d'Nohaltegkeet investéiert ginn, fir d'Attraktivitéit vum Land weider ze stäerken, huet den Eric Thill iwwerdeems nach betount.