Sou lues fänkt et u méi kal ze ginn dobaussen an iwwerall gëtt een un d'Feierdeeg erënnert. Zäit deemno, datt och d'Chrëschtmäert hir Dieren opmaachen.

Hëlze Chaleten, faarweg Luuchten, de Geroch vu waarme Käschten, gebrannte Nëss a Glühwäin, do kënnt dach esou richteg Chrëschtdagsstëmmung op.

Den éischte Chrëschtmaart, deen de 15. November offiziell lancéiert gouf, ass deen zu Esch, ma Enn November, zéie queesch duerch d'Land nach aner Mäert no.

Wou se sinn a wéini se opmaachen - mir hunn et fir iech nogesicht

Ee vun den alleréischte Chrëschtmäert hei am Land ass deen zu Esch. Dëst Joer ass et schonn déi 7. Editioun, organiséiert vum Syndicat d'Initiative et de Tourisme vun Esch. Vum 15. November bis den 22. Dezember ass den "Escher Krëschtmoart" all Dag tëscht 12 an 20 Auer op.

De Programm vum "Escher Kreschtmoart"

Am Kader vun hirem Programm "Winterlights" ass de Stater Chrëschtmaart dëst Joer vum 21. November bis den 24. Dezember op. Op 6 verschidde Plaze fënnt een 124 Chaleten, eng Schlittschongpist a 5 weider Attraktioune fir Grouss a Kleng. Donieft sinn iwwer 100 Animatiounen a Concerten geplangt.

Winterlights an der Stad offiziell lancéiert
450 ganz kreativ Luuchten-Installatiounen, 45 Kilometer Kabelen an eng 607.000 LED-Luuchten, dat sinn e puer Chiffere vum Chrëschtmaart an der Stad.

Den 1. Dezember ass iwwregens de Niklos-Cortège duerch d'Stad. Lass geet et um 16 Auer bei der Stater Gare, vun do aus geet de Cortège weider iwwert de Parvis, Avenue de la Gare iwwer de Pont Adolphe, Boulevard Roosevelt, d'Philippsgaass erop an d'Grand-Rue an zum Schluss an d'Rue du Fossé. Um 17 Auer kënnt de Kleeschen op der Place Guillaume un, wou e vun der "Tramsmusek" erwaart gëtt, d'Kamelle verdeelt ginn an d'"Bouneweger Nuechtigailecher" fir de musikaleschen Encadrement suergen.

Och e feste Rendez-vous an der Chrëschtzäit ass de "Lëtzebuerger Adevtszirkus" um Glacis, dëst Joer vum 29. November bis den 31. Dezember.

Queesch duerch d'Land

© Pixabay

Wouhier staamt d'Traditioun?

Chrëschtmäert si schonn zanter Joerhonnerte beléift. Ma wouhier staamt dës Traditioun eigentlech genee?

Schonn am 13. Joerhonnert gouf et Mäert, déi an der Chrëschtdagszäit en Treffpunkt fir d'Mënsche goufen. Déi richteg traditionell Chrëschtmäert, déi haut deene Mäert gläichen, ginn et zanter dem 17. Joerhonnert. Scho fréier gouf et Bude mat Handwierkskonscht, Liefkuch an d'Leit goufen ënnerhalen - eng Traditioun, déi et bis haut nach gëtt.

Déi éischt richteg Chrëschtmäert an der Neizäit, gouf et am Ufank just an deene Géigenden, an deenen haaptsächlech protestantesch Leit gelieft hunn. Eng gutt Zäit méi spéit gouf et Chrëschtmäert dann och a kathoulesch gepräägte Regiounen.

Ganz typesch ass, dass dës Mäert op historesche Plazen opgebaut ginn, dat heescht bei ale Kierchen, Schlässer oder och op Maartplazen. Dat traditionellt Konzept ass bis haut erhale bliwwen a si sinn dowéinst och vill méi beléift wéi normal, modern Mäert.

Iwwregens

Forbes hat de Chrëschtmaart an der Stad als deen Drëttschéinsten an Europa auserwielt. De Grand-Duché wier dat eenzegt Land, dat ee vun den eelsten an traditionellste Chrëschtmäert hätt, rieds geet awer och vun eise "potato pancakes with apple sauce" also eise Gromperekichelcher.