"If you can't beat them, join them."
Police aus Oregon spillt nuets mat Jugendleche Basket
"If you can't beat them, join them."
D'Police vun Oregon an den USA ass e Samschdeg geruff ginn, well eng Grupp Jugendlecher matten an der Nuecht Basket gespillt huet.
D'Police vu Redmond am Bundesstaat Oregon an den USA ass e Samschdeg geruff ginn, well eng Grupp Jugendlecher matten an der Nuecht Basket gespillt huet.
Wéi d'Polizisten du bei der Obsidian Middle School ukomm sinn, wou déi Jonk gespillt hunn, hunn d'Beamte si awer net fortgeschéckt.
Am Géigendeel si hunn dunn nämlech mat hinne gespillt.
E Video dovunner huet d'Police op hirer Facebook-Säit verëffentlecht. Dobäi hu si geschriwwen: "Keng Anung, wie gewonnen huet, mä dat ass egal, mir hate Spaass."
Bis e Mëttwoch de Mëtteg gouf de Video schonns iwwer 30.000 Mol gekuckt.
Am meeschte gelies