Am Wäin- a Schampesland Frankräich soll et elo e "Mount ouni Alkohol" ginn.

Ronn 20 Gesondheetsfederatioune hu sech fir en "dréchenen Januar" agesat. Net nëmmen, dass ee besser géing schlofen, et hätt een och méi Energie an eng besser Konzentratioun, sou hir Erklärung.

Et géing natierlech och net schueden, nom intensive Spirituose-Konsum un de Feierdeeg a Silvester einfach e Mount Paus ze maachen. Den Opruff, deen ënner anerem vu Suchthëllefverbänn an der Anti-Kriibs-Liga koum, ass kloer: "Gënnt Ärem Kierper - an dem Portmonni - eng Paus an zitt de Bilan, wéi ee Stellewäert Alkohol an Ärem Alldag a sozialen Ëmfeld huet."

Als Virbild hu si sech d'Aktioun "Dry January" geholl, deen et a Groussbritannien schonn zanter 2013 gëtt. Déi franséisch Regierung soll d'Campagne ënnerstëtzen, de Gesondheetsministère huet sech awer nach zeréckgehalen.
A Frankräich ginn all Joer iwwer 40.000 Doudesfäll gezielt, déi op Alkoholkonsum zeréckzeféiere sinn.

Eng Federatioun u Schampes-Wënzer wiert sech. Si hätte beim Emmanuel Macron intervenéiert an deen hätt hinne verséchert, et géing keen "dréchene Januar" ginn. Dat gouf vun Regierungssäiten awer weder confirméiert, nach dementéiert.