Sozial Isolatioun an extrem Ëmweltkonditioune kënne sech enger neier Etüd no negativ op dat mënschlecht Gehier auswierken.

Dat huet d'Berliner Charité an d'Max-Planck-Institut fir Bildungsfuerschung en Donneschdeg an enger Etüd verëffentlecht, fir déi 9 Wëssenschaftler ënnersicht goufen, déi op enger Antarktis-Fuerschungsstatioun iwwerwantert hunn.

Wéi d'Experten elo an der Fachzäitschrëft "The New England Journal of Medecine" beschreiwen, hu si bei de 5 Männer a 4 Fraen no 14 Méint eng Verklengerung vun der Gehier-Partie mam Numm "Gyrus dentatus" erkannt. Dës Partie spillt eng Roll fir raimlecht Denken an dem Verfestege vu Gediechtnes-Contenue.

Donieft ass d'Konzentratioun vun engem Protein am Blutt, dat de Wuesstem vun Nervenzellen am Gehier ureegt, erofgaangen. Wéi d'Charité an d'Max-Planck-Institut betounen, sinn d'Resultater vun der Etüd par Rapport vum der klenger Zuel u Participanten als "virsiichteg" z'interpretéieren. Et géif trotzdeem Hiweiser ginn, dass sech Extremkonditiounen negativ op dat mënschlecht Gehier auswierke kënnen.

D'Participante vun der Etüd hunn zu enger Wëssenschaftsekipp gehéiert, déi op der däitscher Fuerschungsstatioun "Neumayer III" iwwerwantert hunn. An där Zäit hu si méintelaang ouni vill Privatsphär a vun der Baussewelt ofgeschnidde gelieft. Souguer bei Noutfäll wier eng Evakuéierung net méiglech gewiescht. Reegelméisseg goufe si kognitiv getest, hu Bluttprouwen ofginn an hu sech virun an no der Expeditioun an engem Magnéitresonanztomograf ënnersiche gelooss.