Béier gehéiert u sech net wierklech zu deem Gedrénks, dat een als gesond bezeechne géif. E Wëssenschaftler ass anerer Meenung.

Béier, respektiv bestëmmten Zorte belsche Béier, wier souguer besonnesch gutt fir eisen Daarm, seet op jiddwer Fall de Professer Eric Claassen vun der Universitéit Amsterdam. De Wëssenschaftler huet d'Marken Hoegaarden, Westmalle Tripel an Echt Kriekenbier als Beispiller genannt.

Den Ënnerscheed zu aneren Zorte Béier wier, dass dësen duebel fermentéiert ass. Beim zweete Fermentéierungsprozess géif net nëmme méi e staarke Béier entstoen, et géif och eng aner Hief benotzt ginn. Deen Ament gëtt eng Saier produzéiert, déi schiedlech Daarmbakterien ofdéiden.

E staarke Béier, deen och nach gesond ass.

Den Expert betount an deem Kader, dass d'Mooss ausschlaggebend ass. Ongesond gëtt et do nees, wann et an eng exzessiv Richtung geet. Hie wéilt de Leit op kee Fall elo e Grond ginn, méi Béier ze drénken, eng héich Konzentratioun Alkohol am Daarm wier nach ëmmer immens ongesond, ma eng Béier den Dag deet dem Daarm an dësem Fall gutt.

Probiotesch Organismen, wéi zum Beispill am Béier, fënnt een iwwregens och an anere fermentéierte Liewensmëttel wéi Jughurt, Sauerkraut, Kefir oder Kimchi.