31 Deeg ouni Produite wéi Fleesch, Eeër oder Mëllech... e Konzept, dat d'Prominenz weltwäit ënnerstëtzt.

Zanter 2014 hunn iwwer 500.000 Mënschen aus 178 Länner beim "Veganuary" matgemaach. Esouguer d'Rock-Legend "Meat Loaf" huet entscheet, sech de ganze Januar iwwer reng planzlech z'ernieren. Säi Kënschtlernumm an "Veg Loaf" ëmzeänneren, mécht de Rockstar awer net. Dat wier ze vill des Gudden...

Et wier méi wichteg ze handelen: "Ech géing alles fir eise Planéit maachen a Fleesch op der Säit loossen. Esouguer 1 Dag an der Woch kann e groussen Ënnerscheed maachen", sou de Kënschtler Daily Star géigeniwwer. D'Leit solle probéieren, 2 Owender an der Woch ouni Fleesch auszekommen, sou nach de Meat Loaf.

E Konzept mat groussem Succès

Ëmmer méi bekannte Leit hunn de vegane Liewensstil fir sech entdeckt. Dorënner Museker wéi de Will.I.Am, Jared Leto, Ariana Grande, Moby, Jennifer Lopez, Beyoncé, Ellie Goulding oder Leona Lewis a Schauspiller wéi d'Emily Deschanel, Alec Baldwin a Mayim Bialik.

Ma och ënnert de Politiker ass dës Ernierung a Moud, wéi zum Beispill den Al Gore an de Cory Booker et weisen.

Golden Globes go vegan

Passend zum vegane Januar kréien d'Schauspiller e Sonndeg wärend der Verdeelung vun de Golden Globes e Menü op reng planzlecher Basis ugebueden. Domat wëllen d'Organisateuren en Zeeche fir méi Nohaltegkeet setzen. Eng Entscheedung, déi zum Beispill vum Leonardo DiCaprio gefeiert gëtt.