D'Gewënnzuele vun der Euro Millions Zéiung vum 7. Januar 2020 sinn: 5 / 8 / 12 / 37 / 43 mat de Stäre 6 an 11.

5 richteg Zuelen an 2 Stären hat dës Kéier keen.

Dofir haten awer direkt 2 Persoune 5 richteg Zuelen an 1 richtege Stär. Domat hu si 472.957,80 € gewonnen.

17 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet nach duer fir bal 13.000 € ze gewannen.

Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie

Fir d'Zéiung vum 10. Januar 2020 si viraussiichtlech 83 Milliounen Euro am Jackpot.