Et gi vill Saachen, déi desagreabel sinn, wann ee krank ass, ma eng zouen Nues ass ganz bestëmmt eng vun deene gréisste Ploen.

A grad domadder sinn elo wärend der Erkältungszäit nees vill Leit geplot. Gär gräift een dann zum Nuesespray?

Wien deen awer ze laang oder ze dacks genotzt, riskéiert ofhängeg ze ginn. Firwat ass dat sou? A wéi geféierlech ass dat Ganzt wierklech? A wat kann ee soss nach géint eng verstoppte Nues maachen?

Mir hunn ons mam Thema zouen Nues beschäftegt.