Bis ewell goufen am Chak Daeng Temple Kleeder aus Plastik hiergestallt. Elo sinn et Maske géint de Coronavirus.

Hir Maske sinn aus enger Mëschung vu syntheteschem Fiber a Kotteng. An d'Mask gëtt en extrae Filter agebitzt, deen ebe de Leit méi Schutz virum Virus soll bidden. Op d'Mask ginn dann nach buddhistesch Gebietspréch drop geschriwwen, déi d'Leit, déi dru gleewen, och supplementar solle Schützen.

All Mount kréien d'Mënche vu Chak Daeng, en Tempel an der Géigend vu Bangkok, 15 Tonnen u Plastiksfläsche geliwwert. Si si bekannt dofir, datt si aus dem Plastik Kleeder, haaptsächlech hir eege Gewänner, hierstellen. Mat dësem ëmstelle vun der Produktioun wëllen d'Mënchen, awer och déi Leit, déi hinne benevole Hëllefen, sech selwer an d'Mënschen an der Ëmgéigend schützen.