De beschte Frënd vum Mënsch kann erkennen, wann eng Persoun Féiwer huet. Kënne si dann och mam richtegen Training de Covid-19-Virus identifizéieren?

Eng brittesch Associatioun geet dovunner aus, datt Hënn mierken, wann eng Persoun de Coronavirus huet. Dowéinst hu si och domadder ugefaangen, verschidden Déieren dorobber ze trainéieren.

Am Training vun de Medical Detection Dogs sollen d'Déieren un Hand vu Prouwen de Geroch vum Virus kenneléieren. Wa si da bei der richteger Prouf sech mellen, gi si belount. Dësen Training baséiert sech op d'Meenung, datt all Krankheet säin eegene Geroch huet, deen Hënn mat hirem excellente Gerochssënn kënne richen.

Bis ewell huet d'Associatioun Hënn ausgebilt, datt si solle Kriibs, Parkinson a verschidde bakteriell Infektioune sollen erkennen, un Hand vu Prouwen, déi bei de Patiente geholl goufen.

"Mir sinn iwwerzeegt, datt d'Hënn de Covid-19-Virus kënnen um Geroch erkennen an esou kéint een a kuerzer Zäit honnerte vu Leit testen." Da misst ee just nach déi Leit, wou d'Hënn ugeschloen hunn, medezinesch testen an eventuell isoléieren, esou d'Claire Guest, Grënnerin vu Medical Detection Dogs.

Bei dësen Tester schaffe si zesumme mat der London School of Hygiene and Tropical Medicine. Deen hiren Direkter ass der Meenung, datt d'Chance ganz grouss sinn, datt dëse Projet funktionéiert. Innerhalb vu 6 Woche wëll een d'Hënn ausgebilt hunn, fir de Coronavirus z'erkennen.

Sollt ee Succès mat dëser Method hunn, kéinten d'Hënn op Flughäfen agesat ginn an do séier Passagéier erkennen, déi méiglecherweis de Virus a sech droen.