Mam "BioCharger" soll een net just gutt Platen, mä och "Wuhan-Coronavirus"-Rezepter preparéiere kënnen, versprécht de Pete Evans, e Fernseekach.

E puer Dausend Euro soll dës "Wonner-Maschinn" kaschten. Iwwerzeegt vun där hirer Wierkung sinn déi australesch Autoritéiten allerdéngs net, déi anscheinend bei der Heelung vun der Longekrankheet hëllefe soll.

Vill Facebook-User hu sech iwwert de Pete Evans opgereegt, dee mat dësem Produit de Leit e falscht Gefill vu Sécherheet versprécht. Mëttlerweil gouf de Site, op deem een de "BioCharger" kafe konnt, vum Internet erofgeholl.

Ganz ouni Konsequenzen ass de berüümten australesche Kach awer net dovu komm: hie gouf zu enger Geldstrof an Héicht vun ëmgerechent ronn 14.000 Euro verurteelt.

Schonn an der Vergaangenheet ass den Australier mat ëmstriddene Gesondheetstips opgefall. Ënnert anerem huet hien e Steenzäit-Regime als Behandlung fir bestëmmte Krankheete recommandéiert.