D'Aschränkunge wéinst der Coronakris kënnen d'Entwécklung bei de Kanner beanträchtegen, dat seet de President vun den Kannerdokteren an Däitschland.

Dem Thomas Fischbach no géifen d'Kanner psychologesch Schied duerch de Confinement doheem an d'Kontaktverbueter riskéieren.

Wat d'Mesurë méi laang daueren, wat de Risiko méi héich géif ginn.

Bei den nächste Gespréicher iwwert den Deconfinement missten endlech och d'Bedürfnisser vun der Kanner consideréiert ginn, fuerdert den däitsche Kannerdokter.

Dem Thomas Fischbach no ass eng Maskeflicht bei klenge Kanner, déi nach net an d'Grondschoul ginn, kontraproduktiv.

Et géife wuel vereenzelt Klengkanner, déi eng Mask acceptéieren. Fir déi meescht ënner 6 Joer wier et wuel awer éischter eng Spillsaach, mat där vill ronderëm hantéiert géif ginn. Doduerch géif d'Infektiounsgefor just eropgoen, sou den Dokter vu Solingen.

Kanner am Fondamental dogéint wieren, senger Meenung no, duerchaus an der Lag, verstänneg mat Masken ëmzegoen.

An Däitschland gëllt a ville Bundeslänner eng Maskeflicht bei de Kanner vu 6 respektiv 7 Joer un. Sachsen-Anhalt zum Beispill ass et scho vun 2 Joer un.