Et ass e Phänomen, deen den Experte scho laang virun der Corona-Pandemie Suerge gemaach huet.

Bei ville Medikamenter kënnt et reegelméisseg zu Liwwerproblemer, och zu Lëtzebuerg.

Mir sinn op enger Statioun vum CHL. Eng Infirmière preparéiert grad d’Dagesratioun u Medikamenter, fir hir Patienten. De Medikamenteschaf um Stack ass gutt gefëllt. Fir dass dat esou bleift, këmmert sech am CHL eng ganz Ekipp vun Apdikter. Ëmmer erëm musse si sech awer mat Medikamenter beschäftegen, déi grad net disponibel sinn. Dës Liwwerproblemer sinn net nei, mä hätten an de leschte Jore staark zougeholl, erkläert eis de Chefapdikter vum CHL:

“Virun 2015 hate mir bei engen 20 Medikamenter pro Joer Liwwerproblemer. Dunn ass d’Zuel vun de Rupture pro Joer op 40 geklommen, dat war scho signifikant. An 2019 ass d’Zuel vun de Rupturen op 109 explodéiert. Wa mir d’Chiffere fir déi éischt Méint 2020 extrapoléiere, komme mir dëst Joer op ronn 130 Problemfäll.”, esou de Grégory Gaudillot.

An der normaler Spidolsapdikt vum CHL lageren eng 1.000 verschidde Medikamenter, plus 500 Déidungsmëttel an aner speziell Medikamenter, déi hannert zouener Dier stockéiert musse ginn. De Stock fir déi gängeg Produite geet fir ee Mount duer. Wann ee Medikament feelt, ginn et meeschtens Alternativen. Entweder iwwert e Fournisseur aus engem anere Land, de Virdeel vu Lëtzebuerg ass, dass esouwuel Medikamenter mat franséische wéi däitsche Beschreiwungen importéiert dierfe ginn, oder e Generique vun engem anere Produzent, oder en aneren Dosagen. Dat ass ëmständlech, an net ëmmer ouni Risiko. Wann Therapien ugepasst musse ginn, kéint et virkommen, dass falsch doséiert gëtt, oder dass de Patient dat neit Medikament net esou gutt verdréit, esou de Grégory Gaudillot: “Liwwerproblemer bei Medikamenter sinn ëmmer e Risiko fir de Patient.

© Serge Pauly (RTL)

Och d’Apdikter mussen hir Cliente reegelméisseg vertréischten, well e Medikament net direkt oder nëmmen iwwert Ëmweeër disponibel ass. Den Alain de Bourcy, President vum Lëtzebuerger Apdikter-Syndikat, seet zwar, dass de Client an enger gudder Apdikt net mierken däerf, dass et fir säi Medikament Liwwerproblemer ginn, mä gëtt awer zou, dass de Management vun esou Rupture mëttlerweil zu sengem Alldag gehéieren:

Et ass e Phänomen, dee ganz Europa betrëfft. An et kënne ganz gängeg, bëlleg Medikamenter sinn, oder deier, ganz speziell Medikamenter, déi feelen. Heiansdo och Chemotherapien, déi d’Patiente ganz dréngend brauchen.

Firwat kann d’Pharma-Industrie net liwweren? En Deel vun der Äntwert läit ewech vun eis an Indien a China. Déi zwee Länner si mëttlerweil d’Apdikt vun der Welt an Europa ass ofhängeg vun dëser Apdikt. Bei 80 Prozent vun de Medikamenter, déi an Europa verkaaft ginn, kënnt op d’mannst eng Substanz vun ausserhalb. 40 Prozent vun de Medikamenter, déi an Europa verkaaft ginn, gi komplett ausserhalb vun Europa produzéiert. Fir verschidde Molecule gëtt et weltwäit nëmmen nach eng eenzeg Fabrick. Ee klenge Problem a China, wéi eng technesch Pann, e Streik oder eben e Lockdown, huet esou séier Auswierkunge bis an d’Lëtzebuerger Apdikten.

De Michel Geelhand vun der Associatioun Pharmaceutique Luxembourgeoise confirméiert, dass et heiansdo zu Liwwerproblemer kënnt, mä déi wären nëmmen “épisodique”, an hätten näischt mat der Delokalisatioun ze dinn:

"An Europa ginn et nach ëmmer vill Produktiounen. Et muss een einfach d’UrsaacheN, firwat et an engem konkrete Fall zu Liwwerproblemer kënnt, besser verstoen. An déi Gestioun muss vill méi concertéiert, wéi am Moment oflafen. Dofir bräichte mir eng Medikamentepolitik op europäeschem Niveau, onofhängeg dovunner, op mir elo Produktiounen zeréck an Europa bréngen oder net”, esou de Pharma-Spriecher. An eisem Gespréich pocht hien e puer Mol op "d'Responsabilitéit vun der europäescher Politik”, beispillsweis wann et ëm d’Präisser vun de Medikamenter geet.

© Serge Pauly (RTL)

Well d’Krankekeese spuere mussen, drécke se bei de Verhandlunge mat de Fournisseuren op d’Präisser, an dat géif d’Marge futti maachen. Donieft suergen déi grouss Präisënnerscheed tëscht den europäesche Länner fir e gewëssen Désequilibre. Verschidden Händler probéiere Medikamenter an engem Land mat nidderege Präisser opzekafen, wéi Lëtzebuerg oder d’Belsch, a se an e Land mat héije Präisser, wéi Däitschland, z’exportéieren, an esou Benefice ze maachen. D’Pharma-Industrie probéiert mat Quoten dogéint ze steieren. Jiddwer Land kritt nëmmen eng definéiert Unzuel vu Medikamenter. Esou e System kann awer nëmme schlecht op kuerzfristeg Besoine reagéieren a provozéiert esou Rupturen, obwuel ee grad déi evitéiere soll.

D’Covid-19-Kris, wou jidderee gefaart huet, iergendwann um Dréchenen ze sëtzen, huet dee Phenomen verschäerft. De Chefapdikter vum CHL weist eis e bekannte Stupéfiant, awer mat algerescher Verpackung. Algerie war déi eenzeg Source, fir dee Produit Ufank Mäerz ze kafen. De Grégory Gaudillot ass sech bewosst, dass dës Situatioun net gesond ass, an dass d’Präisser effektiv ze niddereg sinn:

“Mir fannen zwar dacks am Ausland déi Medikamenter, déi mir brauchen, mä mir mussen dann och dacks méi deier bezuelen. Mir wären esouguer bereet, direkt méi ze bezuelen, quasi e faire Präis ze bezuelen, wa mir am Géigenzuch sécher wären, ëmmer garantéiert beliwwert ze ginn”.

Och d’Lëtzebuerger Regierung huet sech deem Dossier schonn ugeholl. Enn 2019 gouf d’Kreatioun vun enger staatlecher Medikamentenagence annoncéiert. Esou Agencen existéiere schonn an allen aneren europäesche Länner. De Projet ass um Instanzewee, d’Agence soll Ufank 2021 operationell sinn. Nieft villen aneren Aufgaben, soll si och hiren Deel dozou bäidroen, de Problem vun de Medikamente-Liwwerproblemer an de Grëff ze kréien, esou d’Dr. Anna Chioti, Responsabel vun der Division de la Pharmacie et des Médicaments beim Gesondheetsminister.

Penurie Medikamenter / Reportage Serge Pauly