Serie: Top SecretDe romantesch-historesche Park um Site vun Heintz van Landewyck an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Eng Gazelle vun der Weltausstellung vu Paräis, mä net nëmmen.
Historesche Park um Site vun Heintz van Landewyck
1902 hat de Joseph Heintz-Michaelis matten am wonnerschéine Parc vun der Familljenentreprise en Deel vun der Haaptwuecht vun der Place d’Armes erëm opgbaut.

Och eng Piscine mat méi wéi just enger rekreativer Funktioun oder d’Arkade vum fréiere Corps de Garde, der Haaptwuecht (1827), déi virum Cercle Cité op der Place d’Armes stoung. 1902 huet den Tubaksfabrikant Joseph Heintz-Michaelis se gerett an domat och bewosst, oder onbewossten Denkmalschutz bedriwwen. Nees opgebaut gouf se matten am wonnerschéine Parc vun der Familljenentreprise.

Den Historiker Robert Philippart erzielt d’Geschicht ronderëm dës gréng Oase nieft der Tubaksfabrick, déi wéineg Leit bis ewell ze gesinn kruten, awer an Zukunft en ëffentleche Parc soll ginn.

Back to Top
CIM LOGO