Wéi dat däitscht Institut fir Risikobewäertung wësse léisst, ass den Aluminium an den Deoe manner schlëmm fir de Kierper, wéi een ugangs ugeholl huet.

D'Haut absorbéiert däitlech manner Aluminium wéi geduecht, erkläert de BfR-President Andreas Hensel: "Durch die Haut wird signifikant weniger Aluminium aufgenommen als auf bislang vorliegender, limitierter Datenbasis berechnet." A villen Deoe sinn Aluminium-Salzer ze fannen, déi de Schweessfloss blockéieren a gläichzäiteg d'Entstoe vun onangeneemem Geroch verhënnere sollen. Laang Zäit war sech de BfR onsécher, wéi vill Aluminium vun der Haut opgeholl gëtt.

Iwwerdeems warnt d'Institut fir Risikobewäertung awer weiderhi virun der Consommatioun vun ze vill Aluminium. Virun allem solle Verbraucher beim Iessen oppassen, ob dat elo bei Gedrénks an Aluminium-Folie ass (Béchsen) oder beispillsweis bei Alu-Grillschuelen. Wann een dës Produite falsch benotzt ginn, hëlt de Kierper vergläichsweis vill Aluminium op. Och eng Abberzuel Zännpastaen enthalen Aluminium. Experten roden och hei, de Gebrauch esou gutt et geet ze reduzéieren oder esouguer ganz drop ze verzichten.

Ze vill Aluminium am Kierper kann, dem aktuelle Wëssensstand no, negativ Auswierkungen op den Nervesystem, d'Nieren an d'Schanken hunn.