Schoul-Direkter mécht Corona-Parodie vu "U Can't Touch This"

Extrait aus dem Video / © Youtube
De Quentin Lee huet den Hip-Hop-Klassiker vum MC Hammer nei interpretéiert, fir senge Schüler d'Hygiènesreegele méi no ze bréngen.
Aussergewéinlech Zäite fuerderen aussergewéinlech Mesuren: E Schouldirekter am US-Bundesstaat Alabama huet sech eng afale gelooss, fir d'Reegelen am Kader vun der Corona-Pandemie ze demonstréieren. An engem Youtube-Video, dee bis en Dënschdeg de Mëtten iwwer 3.500.000 mol gekuckt gouf, mécht de Quentin Lee eng Parodie vum berüümten "U can't touch this" ("Pack dat net un") vum US-amerikaneschem Rapper MC Hammer.
Am Video danzt den Direkter mat bloen Händchen, Mask an Desinfektiounsspray a rapt iwwert d'Virschrëfte vun de Gesondheetsautoritéiten. "Ech hunn d'Lidd a 15 Minutte geschriwwen," sot de Lee an engem Interview mam "Alabama Newscenter". Hie géif immens gären Dommheete maachen a seng Schüler zum Laache bréngen.