An Zäite vum Coronavirus ass een un de Mask gewinnt: op der Schaff, an der Schoul, am Supermarché oder an de Geschäfter ...

Den Nuesen- a Mondschutz ass am Summer 2020 omnipresent. Ma heiansdo ergëtt sech d'Situatioun, datt een de Mask ausdeet, sief et fir am Restaurant eppes z'iessen oder op der Terrass bei sonnegem Wieder e Patt ze huelen. An da kënnt d'Fro op: Wouhi mam Mask?

An d'Täsch oder an d'Posch

Experte roden u sech dovun of, de Mask an d'Boxentäsch oder an eng Posch ze leeën, wann ee e grad net brauch. Ma wann et awer net deen Ament net anescht ze maachen ass, da gëtt geroden, d'Hänn grëndlech ze desinfizéieren an de Mask duerno propper opzefalen, dëst awer esou, datt déi Säit, déi Mond a Nues bedeckt kee Kontakt mat der Uewerfläch vun der Täsch oder der Posch kritt.

Un den Aarm bannen

Och wann a priori an deem Fall keng Bakterien un de banneschten Deel vum Mask kënnt, esou notzt een de Mask domat of, well e ganz einfach net dofir gemaach ass, fir un den Äerm gebonnen ze ginn. D'Ofnotzung entsteet virun allem duerch déi kloer Hoer un den Äerm, awer och duerch eventuell Crème, mat där ee sech virdrun ageriwwen huet. Ufälleg dofir sinn an deem Kontext virun allem Masken, déi net aus Kotteng gemaach sinn - Kottengsmaske kann ee jo nom Gebrauch an der Wäschmaschinn kachen.

Z'evitéiere gëllt...

Nëmmen net de Mask unhalen an un den Ouere fixéiert de Kënn erofzéien. Esou praktesch wéi dës Léisung schéngt ze sinn, esou staark ofzeroden ass et, dëst ze maachen. Virun allem d'Männer maachen der Effektivitéit vum Mask esou kee gefalen, dat duerch méiglech Reiwunge vum Baart an de Mikroben, déi sech an där Regioun op der Haut kënnen usammelen. Donieft ass et och eng schlecht Iddi, de Mask am Auto un de Réckspigel ze hänken. Do gëtt de Mask nämlech komplett exposéiert a kann ongeschützt Schuedstoffer an deemno och Vire bannent kierzter Zäit ophuelen.

Wat also maachen?

Idealerweis soll ee sech eng kleng Tut oder Boîte organiséieren, déi een hermetesch zoumaache kann, a wou een da säi Mask déi Zäit propper an hygienesch verstaue kann, deen Ament, wou een den Nues- a Mondschutz eeben net braucht. Duerch dës kleng Moossnam verduebelt een d'Liewe vu sengem Mask ...