D'Macaronen zielen zu de groussen Erausfuerderungen an der Patisserie. D'Cathy Goedert verréit eis, wat ee muss maachen, fir datt se um Enn schmaachen.

D’Cathy Goedert ass beschäftegt an hirer Bakstuff zu Bouneweg. Viru 6 Joer huet si sech selbstänneg gemaach. An d’Patisserie spillt weiderhin eng grouss Roll an hirem Liewen.

Si verréit eis hir Tipps an Tricken, fir Macaronen ze maachen. Si gehéieren zu de groussen Erausfuerderungen an der Patisserie. Wärend dem Confinement ware Miel, Bakpolver an Hief a ville Butteker vergraff. Bei de Macarone brauch ee kee vun dësen dräi Ingredienten. Et brauch ee vill méi Mandelen, Pudderzocker, Eewäiss, Waasser an normalen Zocker fir d’Coque vum Macaron.

Rezept fir Macaronen – "coques à macarons avec meringue italienne" vum Cathy Goedert

Speziell Utensilien

Corne/Teigschaber
Zockerthermometer, Poche à Douille mat Douille vun der Taille 10

Ingrediente fir ca. 50 Macaronen

205 gr gemuele Mandelen
135 gr Pudderzocker
2 x 63 gr Eewäiss
203 gr Zocker
50 gr Waasser
1 Vanillsstaang

Preparatioun

• Déi gemuele Mandelen duerch e Sift ginn an déi grouss Séckercher, déi net doduerch passen, op der Säit loossen. Sifte bis dass de genaue Grammage erreecht ass. Pudderzocker Siften a bei d'Mandele ginn.

• Eewäiss mat de Mandelen an dem Pudderzocker mëschen. Dofir am beschten eng "Corne" benotzen, well déi gutt an d'Ecker vun der Schossel kënnt. Den Deeg soll homogen ginn.

• Waasser genau ofmoossen an an eng Kasseroll ginn. Den Zocker ofmoossen an an d'Waasser ginn. Op enger Kachplack erhëtze bis 118 °C erreecht sinn. Bei dësem Schrëtt ass et wichteg en Zockerthemometer ze benotzen. Dee soll virdrun an tëschenduerch am wotleche Waasser geschwenkt ginn (kee kaalt Waasser benotzen).

• Déi zweet Portioun Eewäiss ofmoossen an an enger Kichemaschinn zu Schnéi schloen. Den 118°C Zockersirop dobäiginn a weidermixen. Sou laang bis eng steif Schnéi-Mass entsteet an d'Temperatur dovunner op ca. 35°C erofgekillt ass.

• D'Vanillsstaang ofschneiden an d'Vanill bei de Mandel-Pudderzocker-Deeg ginn.

• De wotleche Schnéi no an no ënnert de Mandel-Pudderzocker-Deeg mëschen. Dobäi erëm d'Corne benotzen an d'Mass gutt homogen vermëschen. Den Deeg ass genuch gemëscht, wann e blénkt an en a sech selwer zesummeleeft.

• De Macarondeeg an d'Poche à douille fëllen an de kale Bakblech preparéieren. De Bakblech muss ëmmer kal sinn, an am beschten ouni Bord. Et kann normale Bakpabeier benotzt ginn a keng Silikonmatten (obwuel déi extra fir Macaron verkaf ginn.) 4 Drëpse vum Deeg op de Bord vum Bakblech ginn an de Bakpabeier dorobber fixéieren.

• Gläichméisseg Macarons Coque vun ca. 3 cm Duerchmiesser um Bakpabeier verdeelen. Dotëscht genuch Plaz loossen (ca. 3-4 cm).

• De Blech klappen, entweder mat der Hand vun ënnen op de Blech oder de Blech liicht op den Dech klappen. Esou kritt een nach méi gläichméisseg glat Macaronen.

• D'Macaron-Coque wärend ca. 30 Minutte raschte loossen.

• De Schäffchen op 160°C Umluft erwiermen.

• Déi ideal Baktemperatur an Zäit hänkt vun all Schäffchen of. Et ka bei 160°C wärend 13 Minutte sinn oder 150°C wärend 14 Minutten. Dat muss jidderee fir sech erausfannen.

• D'Macaronen aus dem Schäffchen huelen a 5 Minutte waarden éier ee se op e Gitter setzt, fir ganz ofzekillen.

• D'Macaron-Coque kënne mat Bottercrème oder enger Ganache, jee no Goût, gefëllt ginn.