Bei enger Auktioun goung dës NBA-Kaart fir de Rekordpräis fort.

Bei Goldin Auctions war dës ënnerschriwwen Trading Card vum NBA-Spiller ugebuede ginn an huet schlussendlech e Präis vun 1.812.000 Dollar eragefuer.

Dës extrem rar Kaart war Deel vun der "National Treasures"-Serie vu "Panini America" aus dem Joergang 2013-2014 a weist de Rookie-Spiller Giannis Antetokounmpo.
Wat nach dobäi kënnt, ass, dass d'Kaart an engem extrem gudden Zoustand ass, a vun der Kaarte-Rating-Firma "Beckett Grading Service" mat enger "MINT 9" bewäert, wat no u perfekt ass. Wat dës Bewäertunge méi héich sinn, wat de Wäert vun enger Kaart klëmmt.

Schonn am Juli gouf eng Kaart vum LeBron James fir ronn 1,8 Milliounen Dollar verkaf. Ma awer alles näischt géint de Präis fir eng Baseball-Kaart, deen ufanks dës Joers bezuelt gouf. Hei war et eng Kaart vum Mike Trout déi fir onvirstellbar 3,93 Milliounen Euro de Besëtzer gewiesselt huet.