Zejoert goufe 6% méi Fëmmerte gezielt am Verglach mat 2018, sou d'Fondation Cancer. 27% vun de Leit hunn an enger Enquête gesot, si géife fëmmen.

Iwwer 3.300 Residenten iwwer 16 Joer goufe fir dës Ëmfro vun TNS Ilres gefrot. Besonnesch déi Jonk gräifen nees méi zur Zigarett. 37% vun den 18 bis 24 Järege fëmmen.

Zu Lëtzebuerg gëtt nees méi gefëmmt / Rep. Marie Gales

D'Shisha ass weider ganz beléift bei de Jonken. Ee vu 4 tëscht 16 a 24 Joer fëmmt Sisha. Bei de 25- bis 34-Järege gouf et bannent engem Joer eng enorm Hausse vun 33%. Wuel wëssend, datt ee bei enger Shisha-Seance méi gëftegen Damp matkritt wéi bei enger Zigarett.

Fir d'Fondation Cancer sinn dës nei Chifferen alarmant. Just mat enger däitlecher Präishausse kéint een d'Fëmme bremsen, besonnesch bei de Jonken, sou d'Direktesch vun der Fondatioun.