Mat der Sensibiliséierungscampagne „ZesummegéintdeKriibs" wëll een op d'Preventioun a Behandlung vu Kriibs opmierksam maachen.

Am Kader vum internationale Broschtkriibsmount huet de Centre Hospitalier du Nord beschloss, sech net nëmmen op eng Kriibszort ze fokusséieren, mä d'Leit weiderhin duerch verschidden Aktiounen op divers Kriibszorten opmierksam ze maachen.

Mir hunn d'Ambassadrice vum Projet bei de Virbereedunge fir den Optakt vu der Gléckssteen-Aktioun begleet. Kuerz nodeems si a Pensioun gaangen ass, gouf bei der fréierer Röntgenassistentin, Sylvie Lorentz, en anormale Schiet op der Long entdeckt. Dësen huet sech séier als Longekriibs identifizéiert. Zanter der Schockdiagnos hat d'Sylvie awer eng mikro-invasiv OP an ass momentan, wéi all Kriibspatient no enger gegléckter Behandlung, am 5-Jores-Programm.

Obschonns si zanter bal 6 Joer a Pensioun ass, fillt si sech nach ëmmer immens verbonnen zu hirem Beruff an zum CHdN, wou si iwwer 20 Joer an der Mammographie geschafft huet. Esou war et fir si och selbstverständlech, d'Klinik bei hirer Sensibiliséierungscampagne „ZesummegéintdeKriibs" z'ënnerstëtzen. Méi spezifesch bei der Aktioun Gléckssteen.

Zil heibäi ass et, Kriibs- a Chemopatienten eng kleng Freed ze maache mat engem sougenannten „Handschmeichler". Heifir gouf jiddereen dozou opgefuerdert, puer Steng ze sammelen an unzemolen als Zeeche vu Solidaritéit. Ma och e puer grouss Nimm aus der Lëtzebuerger Konschtzeen – ënner anerem de Robert Brandy, Jean-Marie Biwer, Sumo, d'Désirée Wickler an d'Diane Jodes - hu sech un der Aktioun bedeelegt.

Fir den Optakt de 15.Oktober goufen d'Steng am Park vum CHdN, op der Ettelbrécker Kierchplaz an op der Trap vun der Gemeng zu Wolz niddergeluecht. All d'Done ginn zu jeeweils 25% u verschidden Organisatioune gespent. Esou geet een Deel un d'Kriibspatiente vum CHdN, een aneren un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner, een drëtten un d'Trauerwee Asbl an ee leschten un d'Associatioun „En Häerz fir Kriibskrank Kanner".

Méi Informatioune kann een um Site vum CHdN noliesen.