Wéi vill Mikroplastik si Puppelcher ausgesat, wa si mat der Fläsch erniert ginn? Mat där Fro hu sech Wëssenschaftler ausenaner gesat.

An enger neier Etüd, déi am Fachmagazin "Nature Food" publizéiert gouf, geet ervir, wéi vill Mikroplastik-Partikel Puppelcher bei der Ernierung ausgesat sinn. Ënnersicht goufen déi 10 meeschtverkaafte Biberon-Modeller. Am Kader vun den Tester goufen d'Fläsche mat Mëllech gefëllt, déi mat 70 Grad waarme Waasser preparéiert gouf - esou wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun et recommandéiert.

Dobäi koum eraus, dass Kanner, déi mat der Fläsch gefiddert ginn, all Dag iwwert eng Millioun där Mikroplastik-Deelercher zou sech huelen. Iwwert en Zäitraum vun 21 Deeg goufen der Etüd no bis zu 16 Millioune Partikel Mikroplastik pro Liter fräigesat.

Wat d'Waasser méi erhëtzt gëtt, desto méi Mikroplastik-Partikel sinn an der Mëllech ze fannen. Bei 25 Grad kommen d'Wëssenschaftler op duerchschnëttlech 0,6 Millioune Partikel de Liter, bei 95 Grad sinn et 55 Millioune Stéck.

Fir déi héich Quantitéit ze verréngeren, hëlleft et, wann een d'Fläsche mat kalem, sterille Waasser ausspullt. Donieft kann een d'Mëllech an engem plastikfräie Behälter zoubereeden an duerno eréischt an de Biberon fëllen.